Apropos vum Roland KaltéÉierlechkeet

Heiansdo brauch ee Leit, déi een op déi einfach Saachen am Liewe opmierksam maachen. Op de Roland Kalté ass Verlooss.

Apropos: Eierlechkeet


Kann et sinn, dass de schéine Schäin am Zäitalter vun de soziale Netzwierker zu enger Zort Flicht ginn ass, well alles „easy“ ze sinn huet, déi nei Ideologie ass?

Op d’Fro, wéi et engem geet, erwaart ee jo ëmmer en „immens, super“, och wann et engem hondsmiserabel ass. An eigentlech wëllt jo och keen héieren, wéi et engem richteg geet, wéi et hannert der Fassad richteg ausgesäit. Well da misst ee jo vläicht nofroen, sech këmmeren, aktiv ginn. 

Et huet engem gefällegst gutt ze gouen. A wa nit, da soll ee wéinstens esou maachen wéi wann.

Tjo, a wéi eng Richtung gi mer eigentlech, wann een op déi Fro nit méi richteg äntwere kann, léie muss? Hu mer et da nit mat enger verlugener Gesellschaft ze dinn?

An dobäi ging e bëssi méi Éierlechkeet do dran eis gutt dinn. Well et einfach méinschlech ass, nit ëmmer mat allem esou labber fäerdeg ze ginn.

Mee mat der Éierlechkeet am Alldag fonctionnéiert et nit esou richteg. Vu Kavaléiersdelikt bis Onverschimtheet ass et nëmmen e klenge Wupp.

Vun eise Kanner hoffe mer awer, dass si éierlech Méinsche ginn. Mee, wie richteg éierlech ass, huet et hautdesdaags schwéier. Selbstduerstellung ass éischter gefrot wéi Éierlechkeet. T’muss ee sech als perfekt duerstellen. All Schwächt muss als Stäerkt, all Nidderlag als Horizontserweiderung duergestallt ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.