Apropos vum Guy SeylerWäerter kann een net enseignéieren, déi muss ee virliewen

Eis Gesellschaft baséiert op Grondwäerter. Fräiheet, Demokratie, Gläichheet, an de Respekt vun de Mënscherechter sinn e puer Steng, op déi mir bauen.

Ass dat Fëllement um Wackelen, freet sech de  Guy Seyler am Apropos vun haut.

23/10/2017 APROPOS Guy



Eng Gesellschaft kann nëmme fonctionnéieren, wann et gemeinsam Reegele ginn. Toleranz, Respekt, Verzicht op Gewalt si genee esou wichteg Pilier'en am deegleche Liewe wéi Zouverlässegkeet, Pünktlechkeet an Uerdnung.
An eise Schoule gëtt et duerfir elo e Fach, wat Wäerterunterrecht heescht. Onofhängeg vu Relioun an Nationalitéit sollen eis Kanner esou op e „wäertvollt“ Zesummeliewe preparéiert ginn.
Ee ganz wichtegt Wuert feelt awer dacks an dësen Diskussiounen. D'Virbildfunktioun.
Besonnesch Kanner a jonk Leit baséieren hiert Behuelen op dat, wat hier Respektspersoun, hiert Idol, hinne virmécht oder virlieft. An do happert et zerguttst.
Déck bezuelte Futtballspiller wéi Messi a Ronaldo drécken sech laanscht d’Steieren.
Mir wëllen eise Kanner Fair-Play bäibréngen. An da gesinn se am internationale Sport dovun net ganz vill. Fir en Eelefmeter oder fir eng rout Kaart beim Géigner ze erreechen, ginn theatralesch Konschte gefrot.
An enger rezenter Etüde hunn 30 % vun de Athleten zouginn, bei der Liichtathletik WM 2011 gedoppt ze hunn.
D'Olympesch Spiller oder d'Football WM ginn un déi Länner verginn, déi am meeschte schmieren. Gefuddelt gëtt iwwerall.
D'Autosindustrie fuddelt mat falschen Zuelen a belitt de Client an de Staat. Op eng Excuse waart een nach ëmmer.
Wichteg Persounen hu bei hirer Diplomaarbecht geknäipt.
Och an der Politik, do wou déi Leit sëtzen, déi eis Interesse vertriede sollen, bleift et net ëmmer bei der Wourecht. „Wann et eescht gëtt, muss ee léien“ huet emol e fréiere Premier behaapt.
E Kolleg am Lycée huet eng Kéier bei de 15-jährege Schüler aus senger Klass gefrot, wat si géife maachen, wann si en Handy fannen. Dës Äntwert vun engem Schüler ass symptomatesch: „Wann e méi wéi 200 Euro wäert ass, dann halen ech en.“
„Wa Gott net méi existéiert, dann ass alles erlaabt“, sot den Dostojewski.
Haut ass et éischter esou: “Wa Geld am Spill ass, dann ass alles erlaabt!”

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.