Apropos vum Guy SeylerGesondheet huet ee, wann een näischt huet

Geet et Iech gutt ? Dir fillt Iech kärgesond ? Da waart dir scho laang net méi beim Dokter, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.


Ech war deslescht mam Auto op Sandweiler an d’Kontroll. A wann do Kaffispaus ass, dann huet ee gutt Zäit, fir sech e bësse Gedanken ze maachen. 
Op eemol hunn ech mech gefrot, firwat ech regelméisseg mäin Auto iwwerpréiwe loossen, mech selwer awer net a Fro stellen, an dervun ausginn, datt bei mir alles fonctionnéiert.

Eng gesondheetlech Kontroll wier net vu Muttwëll, hunn ech geduecht, an esou louch ech e puer Woche méi spéit beim Generaliste op der Brëtsch fir en Check-up.

Hie war e gudden Dokter, an duerfir huet hien och eppes fonnt.  Ech war op eemol steeräich.
Ech hat Galesteng, Nieresteng, a kleng Kisten. Déi leschte Kéier, wou een esou vill Steng am Bauch hat, dat war beim Wollef an der Seechen vun de 7 Geessen, hunn ech geduecht. Et war awer elo net fir Witzen ze maachen, well schliisslech sinn ech krank.
Den Dokter huet mir meng Angscht ofgesinn, a mech berouegt. Wann ech bis elo näischt dovu gemierkt hätt, da kënnt et gutt sinn, datt dat och esou bleift. Ech wier jo gutt drop.

Nach, hunn ech geduecht.  Do sinn ech jorelaang duerch d’Géigend gelaf, an hu gemengt, ech wier kärgesond. Schonn eleng dat Gefill hätt mir suspekt misste virkommen.
Ech fille mech elo e bëssen esou, wéi wann ech zu Sandweiler e Lach gepëtzt kritt hätt.

15/11/2017 Apropos Gesondheet



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.