Apropos vum Gibbes BertoloMerci gesot oder gewénkt

Et kascht näischt, héchstens ee Wuert oder ee Geste. An awer deet sou muncher ee sech immens schwéier domadder.

Jo, et geet och ouni. Et ass keng Obligatioun, keng Musse-Saach. Mä vläicht grad dowéinst ass et vu Bedeitung. Well et op fräiwëlleger Basis passéiert. Eng Zort Kaddo mat deem een aneren awer och sech selwer eng Freed wëll maachen. Dee klenge "Merci" am Alldag. Wann ee mer am Buttek d'Dier ophält, mech beim Kaffisautomat vir léisst, mer am Restaurant den Teller dohinner setzt, mer seet, datt grad ee fir mech ugeruff huet.
Merci gesot. Net méi an net manner. De Merci kann awer och mat engem klenge Geste ausgedréckt ginn. Vrun allem dann an do, wou d'Sprooch akustesch ausser Kraaft gesat gëtt. An anere Wierder: Stroossentrafic. Ass et dann net normal, datt een deem, vun deem ee grad aus der Tankstell nees an de Feierowend-Zéifloss eragelooss gouf, kuerz wénkt oder déi 4 Winkeren opblëtze léisst? Datt een, wann ee grad iwwert den Zebrasträif gelooss gouf, eng Kéier d'Hand hieft a frëndlech laacht? Jo, et ass normal. Et misst normal sinn. Et ass jo meeschtens de Fall. An awer ginn et ëmmer nach esou vill Onverbesserlecher deenen et am Dram net afält, och nëmmen dat Wuert "Merci" ze denken. Ganz nom Motto: Elo kommen ech, de Rescht ass egal.
U sech kéint mir dat jo och egal sinn. Et géing villes vereinfachen. Mä ech sinn doheem geléiert ginn, datt Dankbarkeet ëmmer eppes mat Héiflechkeet a Respekt ze dinn huet. A mat Manéieren. Wat ee vun aneren erwaart, soll ee selwer virliewen. Ech erwaarde mer zwar elo keng Wonner, wann ech den Owend iwwer d'Areler Strooss heem fueren, mä ech bleiwen weider dankbar fir all klenge Merci.
Heiansdo brauch een net vill ...

Apropos



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.