Apropos vum Marie Gales Schlof

Ouni Schlof kann een net liewen! Héiert sech dramatesch un, ass awer sou. D'Marie Gales huet sech e puer Gedanken ëm d'Schlofen an ëm d'Midd si gemaach

© rtl.lu
15/01/2018 Apropos vum Marie Gales: Schlof


Schlof ass an eiser séierlieweger Gesellschaft eng Niewebeschäftegung ginn, vill Mënsche wëlle keng Zäit opbréngen fir souzesoen näischt ze maachen. Ganz nom Motto: Schlofe kann ech wann ech doud sinn. Elo heescht et produktiv ze sinn, denke sech der vill a lafen an hirem Hamsterrad virun.
Wéi wichteg schlofen awer ass, mierkt ee wann ee midd ass oder wann een net aschlofe kann an et misst een awer fir den Dag drop fir ze sinn. Schlof ass wichteg, dat ass net nei wat ech soen. Vill Experimenter hu gewisen, wat Schlofentzuch oder net genuch Schlof aus engem Mënsch mécht: En Zombie! Alles leeft schif am Kierper, well en net zu Rou kënnt. An ass dee Schlofrhythmus mol gestéiert, da gëtt dat mam schlofen en décke Problem. Net fir näischt boomt d’Geschäft mat de Schlofpëllen.

Firwat zielen ech Iech iwwer schlofen?  Ma well ech soss ëmmer duecht, ech kinnt zu all Moment schlofen a souguer iwwerall. Dat ass awer net wouer. Ech hunn erausfonnt, dass ech zu all Moment schlofe kann, well ech permanent sinn an ech froen mech och, ob ech da wierklech iwwerall kinnt schlofen wann ech en normale Schlofrhythmus hätt.
Zanter ech denke kann, huelen ech mir vir: Ah den Owend geess du awer éischter an d’Bett. Richteg getippt: ech sinn eng Nuetseil. Héiert sech léif un, ma et ënnerscheed een tëscht de Schloftypen Nuetseil a Léierchen, däitsch Lerche. De lescht genannten steet moies mat den Hinger op. A bei extremen Nuetseilen kinnt ee soen, dass si réischt schlofe ginn, wann d‘Léiercher nees opstinn.

Natierlech konnt ech als Nuetseil Spréch wéi: Der frühe Vogel fänkt den Wurm oder Morgenstund hat Gold im Mund ni leiden an nach méi blöd: Am Abend wird der Faule fleissig. Owes oder Nuets ass fir Nuetseilen déi beschten Zäit…dat hunn ech mir net ausgeduecht, mä dat seet meng Auer a mir dran. All Mënsch, all Organismus huet sou eng eng Auer a sech, déi ass genetesch definéiert a schwéier no viru oder hannen ze dréinen, also ze veränneren. Als Nuetseil kuckt een domm, wann een dann awer fréi opstoe muss well een alt nees ze spéit am Bett war. A schonns ass en do am Däiwelskrees! Ech kann Iech soen, et ass en Challenge als Nuetseil eng Moiessendung ze maachen, ma ech schaffen drun fir mäin Jetlag an de Grëff ze kréien. Schliisslech kann ech all Villche gutt leiden, och Léiercher.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.