Apropos Guy SeylerAkafen net ouni mäin Handy

Wéi gitt Dir akafen ? Einfach esou, fir dann doheem festzestellen datt dir dëst an dat vergiess hutt.

© rtl.lu
Oder baséiert dir iech nach op de klasseschen Akafsziedel, deen der dann an all ären Täsche sicht fir en endlech zimlech zerkniwwelt an der Hand ze halen.  Déi zwou Methoden sinn esou eppes vun OUT. Den Handy ass déi nei Hëllef beim Akafen, behaapt de Guy Seyler am Apropos
Apropos vum Guy Seyler: Akafen – net ouni mäin Handy


Ech hunn deslescht am Supermarché eng Kollegin begéint. Wéi mir sou mat eisen Akafsweenercher niewentenee stoungen, huet een direkt gesinn, datt si eng jonk Persoun ass, an ech en eeleren Här. Gutt, dat hätt een och soss enzwousch liicht festgestallt. Mee et geet hei net em d’Ausgesinn.
Ech hunn de Chariot gedréckt mat an der Hand engem groussen Ziedel, wou meng Fra mir notéiert hat, wat ech alles misst kafen.
D’Kollegin hat hier Lëscht um Handy. Paperless also.

Ech lafen dem Fortschrëtt e gutt Stéck hannendrun, hunn ech gemierkt. Fräi nom Neckermann-Motto, „Wien net mat der Zäit geet, geet mat der Zäit“ hunn ech mir fir dat neit Joer en update vu menge Gewunnechten virgeholl. Ech wëll 2018 top organiséiert a modern akafen. Dat fonctionnéiert, esou huet Google mir gewisen, nëmme mat enger App um Smartphone. Ouni Handy geet hautdesdaags jo kee méi iergendwou hin.
Eng App ass gutt gesot, mee wat fir eng.

Déi éischt, wou ech alles muss manuell aginn, fält wéinst mengen décke Fanger direkt ewech.
Déi zweet App ass da scho méi praktesch. Do sinn d’Saache bildlech duergestallt. Ech brauch se nëmmen unzetippen, da ginn se rout. Dee Moment wou ech se kafen, tippen ech nach eng Kéier drop, an da ginn se gréng, dat heescht: erleedegt.

Interessant kléngt déi 3 Variant. Do diktéiert een seng Akaafslëscht, an den Handy schreift alles selwer op. Duerno synchroniséiert hien alles mat dem Handy vu menger Fra. Esou weess jiddereen vun eis, wat am Haushalt feelt. An et gëtt näischt duebel kaaft.

Ech hunn awer esou meng Bedenken. Bis ech dat do alles beherrschen, ass et wahrscheinlech schonn erëm iwwerholl. De Fortschrëtt mécht kee Stop. Et gëtt schonn e Frigo mat agebauter Kamera. Do kann een da vun ënnerwee mat sengem Handy am Frigidaire nokucken, ob nach Mëllech do ass oder net.

Demnächst soll et och méiglech sinn, datt de Frigo mir op mäin Handy schreift, et wier zwar nach 1 Liter Mëllech do, mee den Datum ass leider ofgelaf. D’Digitaliséierung mécht eis alles méi einfach, heescht et.
War et dann net och schéin, wéi meng Mamm mech mat engem Mëllechdëppchen mat 5 Frang dran bei den Noper geschéckt huet?
Oder wa mir am Duerf bei d’Butteksfra gaangen sinn, a si eis e puer Kamellen fir den Heemwee an de Grapp gedréckt huet?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.