Apropos vum Camille NeyFriemschummen

D’Vakanzefoire virun 10 Deeg war e Succès op der ganzer Linn! Op der Ganzer? Mam generéierten Ëmsaz vun der Tourismusbranche ganz sécher, mat der Zuel vun de Visiteuren och, mee wéi war et mat der Qualitéit vun deene Visiteuren? Dem Camille Ney stéisst do eppes erop…

Dat däitscht Verb „fremdschämen“ gouf 2009 an den Duden opgeholl an 2010 war et an Eisterräich d’Wuert vum Joer. Misste mir dat och an eise Wuertschatz ophuelen? Ech kommen dorobber zeréck!

An de Foireshalen – wéi op anere Plazen och - waren alt nees déi 3 Deeg – ech betoune - gewësse Leit ënnerwee, déi hier gutt Kannerstuff, wa se da jee eng haten, doheem gelooss haten. Do sinn déi eng, déi skrupellos e ganze Grapp voll Bicer, aner Gadgeten an alles wat net ugestréckt ass an hier grouss Tute stieche bis se aus allen Néite platzen. Et ass e richtege Sport! A wat maache se mat all deene Saachen? Ech bezweifelen, dass se se fir de gudden Zweck stëften oder mat an aarm Länner huele, fir se do un d’Kanner ze verdeelen. Wéi heescht et ëmmer: et hëlt een näischt mat an d’Graf – wann dat net stëmmt, da brauchen se e Grousst.

Da gëtt et dat Spréchwuert: dee kritt de Mond net voll genuch. Där fanne mer och: déi schëdden a friessen – well mat iessen huet dat näischt méi ze dinn – alles a sech eran, wat duerfir do ass, an och net, wéi wa se scho 14 Deeg näischt méi kritt hätten. A si gesinn net ënnererniert aus oder wéi wann dat aus der Nout gebuer wier. Hire Mo weess scho wat kënnt, well eng net geüübte Persoun géif beim Mix aus Tropical-Mëllech, Schwarzwälder Ham, Tequila a Pasteis de Nata mam wäisse Fändel op d’Toilette lafen.

An da ginn et déi Spillsüchteg, déi bei all Concours matmaachen, op de Präis, deen et ze gewanne gëtt, se elo interesséiert oder net. Si dréine wéi eng Speckméck ronderëm all Stand an huele sech Honnerte vun Ziedelen, déi se mat Autocollante pechen, wou hiren Numm, Adress an Telefonsnummer scho fäerdeg dropstinn. Oder si hunn e Stempel derbäi, fir net alles musse mat der Hand auszefëllen – 100e vu Chance si jo besser wéi eng! Jo, dat ass richteg geschitt, zanter laange Jore keen Eenzelfall an d‘Aussteller fir domm verkaf!

Esou e Verhalen, leider och net nëmmen op Foiren, erënnert eis drun, dass den Homo Sapiens wuel vum Af muss hier kommen. Obwuel: sinn Déiere wierklech esou onmanéierlech a gourmangzech an den Af - kuck de Schimpans - huet och sécher nach méi an der Bir! Mécht et Sënn, deene Leit dat ze soen? Ech fäerten net! Schimmt hu se keng a kréien se keng – nëmme gutt, dass de Virus nach net bei jidderengem vun eis ausgebrach ass!

Mee gleeft mir eent an duerfir kommen ech zeréck bei mäi Verb – wann ech dat gesinn, kann ech mech just… friemschummen!

23/01/2018 Apropos Friemschummen 12h50


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.