Apropos vum Gibbes Bertolo:de Bléck vun der Bréck

Op der Areler A6 war et gëschter am Feierowendtrafic nawell zimlech chaotesch. Ursaach: en Accident géint 5 Auer tëscht Briddel a Mamer. De Gibbes Bertolo wollt am deem Kontext nach eppes lass ginn ...

Neen, ech selwer houng net an deem kilometerlaange Stau. Ech krut den Accident zwar mat, sinn awer nach mat Zäite laanscht déi verongléckt Ween komm a konnt ouni gréisser Problemer meng gewinnte Sortie fir heem huelen. Ech sinn dunn eng gutt hallef Stonn méi spéit  duerch Zoufall iwwert déi Areler Autobunn gefuer, am Sënn vum Wuert: iwwert d'A6, an zwar iwwert déi kleng Bréck fir an de Baerendall. Vun där Bréck aus hat een eng wonnerbar Vue op dee Mega-Knuet op der Autobunn an déi blo Luuchte vu Police an Ambulanz waren mol keng 100 Meter ewech. D'Bréck quasi als exklusiv Loge fir de Spektakel donidden op der A6. An dann och de Rettungshelikopter als Kiischt um Kuch.

Esou muss wuel deen Här dat empfonnt hunn, dee mat sengem SUV déi hallef Bréck blockéiert huet. En hat sech eng Plaz an der éischter Rei geholl, am gudde waarmen Auto, op där klenger Bréck wou normalerweis kaum Verkéier ass. Just, datt ech grad an deem Moment do koum an em d'Vue fir e puer Sekonne verspaart hunn. Säi Panoramabléck op d'Ongléck, ech konnt mengen Aen bal net trauen: deen Här hat effektiv och nach d'Spektiv dobäi, mat där em bestëmmt och net dee klengsten Detail entgaangen ass. Hoffentlech konnt en aus sécherer Deckung genee matkréien, wéi se déi méi uerg blesséiert Persoun aus dem Gefier eraus kruten  an an den Helikopter getässelt hunn. En onvergiesslecht Erliefnes. E puer Fotoe ware jo awer bestëmmt och nach dran, vläicht si se mëttlerweil schonn op deem engen oder anere sozialen Netzwierk gelant.

Ech weess net wéi laang de Mann a seng Begleedung nach op där klenger Bréck do houngen a sech deenen anere Leit hire Misär genësslech eragezunn hunn. Géint 7 Auer war den Accident méi oder manner geraumt. D'huet jo och ugefaangen däischter ze ginn. Do sëtzt een dach besser doheem an der gudder Stuff. Vläicht weisen se e puer Biller op der Tëlee? Do gesäit awer leider keng schlëmm Detailer. Och net mat der Spektiv.



14/02/2018 Apropos: de Bléck vun der Bréck


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.