Apropos vum Roland KaltéNi Geld genuch

De Roland Kalté mécht sech sou seng Gedanken iwwer d'Suen.

Wann een et richteg kuckt, hu mer jo hei eigentlech normalerweis keng Problemer mat de Geld-Recetten, mee éischter mat den Depensen.  Um Enn vun de Suen nach ze vill Mount Rescht – kenne mer all, oder bal all.

D’Sue flutschen engem einfach esou duerch d’Hänn.

 Ee vun de Grënn ass anscheinend, well mer zënter der Aféierung vum Teuro, vum Euro an eise Portmonnien eigentlech keng grouss Beträg méi dran hunn. Vill kleng Schäiner a Mënzen. De Wäert vun deenen eenzelen Mënzen a Geldschäiner, déi mer mat eis ronderëm schleefen, huet e groussen Afloss op eist Konsumverhalen. Klengt Geld, groussen Denominatiouns-Effekt. Wie nominell vill klengt Geräbbels am Portmonni huet, gëtt déi och méi séier aus. Klenge Kaffi hei, eng Naschlechkeet do, e bëssi Drénkgeld, an zack sinn 10 € duerch d’Päif.

10 €, dat ware soss 400 Frang, an dat „soss“ ass scho méi wéi 15 Joer hier. 1. Januar 2002 koum den Euro.

Grouss Schäiner gi mat méi groussen Uschafungen associéiert an dofir gëtt manner verschwenderesch dermat ëmgaang.

A Mexiko gëtt et iwwregens e Spréchwuert: „Op kleng Schäiner muss een oppassen, déi grouss passen op sech selwer op!“

Vläicht ass och dat e Grond, dass mer zënter der Aféierung vum Euro méi arem sinn. Passt emol op Iech op! Well - vill klengt Véi mécht och Mëscht.

Apropos: Ni Geld genuch

 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.