Apropos vum Yann LogelinDen Doud vum Pass

Wie bausst der europäescher Unioun ënnerwee ass, dee brauch e Pass. Mä wéi laang nach freet sech de Yann Logelin:

19/04/2018 Apropos: Den Doud vum Pass



An der Ouschtervakanz hat ech vun der Geleeënheet profitéiert mat menger Fra fir zwou Wochen an d'Karibik ze fueren. Fir do éischtens emol Sonn ze tanken an zweetens nei Länner a Kulturen z'entdecken. Béides ass gegléckt, mä virun allem bei der zweeter Statioun vun eiser Rees hunn ech mer d'Fro gestallt, firwat et de Pass iwwerhaapt nach gëtt.

Op der éischter Destinatioun gouf et wuel och, wéi ewell op quasi all Fluchhafe vun der Welt elektronesch Kontrollpunkten, wou ee säi Pass op e Reader leet, eng Kéier ouni ze grinsen an eng Kamera kuckt a schonn ass de Pass validéiert, d'Dier vun der Kontrollmaschinn geet op an et ass een an engem anere Land. Do gouf et awer och nach déi traditionell Beamten, déi de Pass opschloen, kucken ob d'Foto am Dokument dann och der Persoun gläicht, déi do steet, déi dann hire Stempel huelen an dësem op eng Säit vum Pass drécken.

Op der zweeter Destinatioun war dës Zort vun Arees allerdéngs just nach Staatsbierger aus Länner virbehalen, déi keen oder kee komplette biometresche Pass hunn. De Lëtzebuerger ass nun emol awer biometresch, esou dass een hei nëmmen nach vun der Maschinn kontrolléiert ginn ass. An e Stempel vun der Insel gouf et och keen, well sech dës Prozedur bei der Ausrees widderholl huet.

Schued eigentlech, mä an den digitalen Zäite vum 21. Joerhonnert sécher och e Fortschrëtt, duerch deen ee manner laang waarde muss an deen engem d'Liewe méi einfach mécht. Just brauch een da wierklech nach e Pass? Déi selwecht biometresch Donnéeë kënne schliisslech och op der Carte d'Identité gespäichert ginn, mat där een hei am Land ewell jo och bal sämtlech administrativ Demarchë maache kann a ganz éierlech, wann et scho keng Stempele méi gëtt fir ze sammelen, da misst een och kee Pabeierspass méi hunn. Villäicht sinn awer och béid Dokumenter geschwë Geschicht... wie weess op mer an e puer Joer alleguerten einfach en Chip ënnert d'Haut gesat kréien, op deem dann d'Identitéit an eventuell Visaen, déi ee brauch fir queesch duerch d'Welt ze kommen, gespäichert sinn... Villäicht och mat engem digitale Stempel, deen ee sech aus Nostalgie dann doheem ausprinte ka fir en hunn.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.