Apropos vum Roland KaltéQualifikatioun

Fir alles muss ee qualifizéiert sinn, obwuel och net fir alles! De Roland Kalté huet sech doriwwer sou seng Gedanken gemaach

© rtl.lu
18/04/2018 Apropos vum Roland Kalté


Mat enger Première leefs de haut net méi wäit. Du muss hautdesdaags life long learning op der Schaff maachen, eng Formatioun jot déi nächst, ob s de wëlls oder net.
En Auto duerfs de net ouni Führerschäin fueren. Fir fëschen ze goen, brauchs e Fëscherpermis. Wee Sportler, och klenger, wëllt trainéieren, brauch en Trainerschäin, Diplomer muss de hautdesdaags virleeën. Wat méi, wat besser.

Ausser – du gëss Politiker. Do brauchs de näischt. Gewielt ass gewielt. Kee Staaten- oder Gemengendirigéierdiplom, oder wéi dee formale Qualifikatiounsbeweis och ëmmer heesche soll. Keng Leeschtungsbeurteelung, keng Kompetenzbilanze néideg. Iwwerall gëtt op Spezialiséierung gepocht, Politiker wiessele vun engem Ressort an en aneren, oder vun hei op Bréissel oder op Stroossbuerg.

Ass deen Amateurstatus vun de Politiker eigentlech hautdesdaags nach ok?  Et kritt een dach iergendwéi den Androck, wéi wann d’Politik keen esou komplizéiert Geschäft wier wéi déi normal Aarbechtswelt. Verlaangt déi kee speziellt Wëssen a besonnesch Fäegkeeten? Muss ee sech nach wonneren, dass do zum Deel einfach gewielte Leit Decisiounen huelen, déi, déi Leit mat Diplomen, déi an deem entspriechende Fach scho jorelaang schaffen, zum Verzweiwele bréngen, widdert de Kapp stoussen? Wëssen se wierklech all Detail vun deem, wat se eis do all Dag zielen?

Ass iwwregens näischt typesch Lëtzebuergesches. Kuckt Iech emol esou munch Idioten un, déi d’Welt op eiser Welt beherrschen oder beherrsche wëllen, do ginn engem dach Dronkenellen aus. Do sinn der op alle Fall vill am falsche Film. An du kriss en net geläscht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.