Apropos vum Risch SimonDe perfekte Mënsch

Et ginn där Enger an et ginn där Anerer. Dat ass ee Sproch deen een nawell dacks héiert. De Rich Simon huet sech am Apropos vun haut Gedanken driwwer gemaach, wat fir eng Leit hien a sengem Entourage alles kennt.



An eisem Beruff hei um Radio geet een dovunner aus, dass een iwwer d'Joren ewech vill Leit kenne léiert. An sech war dat och ëmmer meng Meenung. Zanter enger Zäit zweiwelen ech awer zum Deel drun. Wou ech awer net drun zweiwelen, ass de Faite dass ech nëmme perfekt Leit kennen.

Ech kennen zum Beispill keng déi d'Niwwelluuchten um Auto un hunn, wann iwwerhaapt keen Niwwel ass.

Ech kenne keng déi mat engem Schnapp direkt an d'Urgence pilgeren a sech opreegen dass déi nees iwwerfëllt ass.

Helikopter Elteren hunn ech och net a mengem Frëndes- a Bekanntekrees. Keng déi aus hirem Talentfräien Anne-Sophie een Anne-Sophie Mutter wëlle maachen. Keng déi sech amësche wann den Trainer décidéiert huet, dass de Bouf eng Kéier net ënnert den 11 éischten  ass fir de Futtballmätch unzefänken.

Ech kennen och keng déi anonym Commentairen um Internet zum beschte ginn.

A mengem ganzen Ëmfeld ass keen deen iwwer d ‘Autobunn fiert a sech an engems déi neiste “wichteg” Informatiounen op Facebook eran zitt.

Keen aus mengem Entourage kann den Trump ausstoen.

Jiddwereen fënnt awer den Donald Duck gutt.

Alleguerten déi Leit mat deenen ech méi oder manner regelméisseg ze dinn hunn, fuere schéi brav mat 90 duerch de Gousselertunnel. Déi laanscht renne sinn ëmmer déi aner.

Ech kennen och keng déi applaudéiere wann de Fliger sécher gelant ass. Dat mécht een dach hautdesdaags net méi.

Eppes froen ech mech awer elo? Firwat kennen ech nëmmen där Leit déi esou perfekt sinn a wat muss ech maache fir och där „Onperfekter“ kennen ze léieren? Ech géif där gären e puer kenne léieren. Villäicht fir ze mierken, dass déi Perfekt awer net esou perfekt sinn.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.