Apropos vum Bea KneipWhat's new, Pussycat?

Wat huet en Tom Jones Titel aus dem Joer 1965 mat engem Fait Divers an engem Safari Park aus dem Joer 2018 ze dinn? Eigentlech näischt, an awer..., mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

17/05/2018 Apropos: What's new, Pussycat?
.



An engem Safari Park an Holland wollt eng jonk Famill de Geparde méi no kommen wéi d'Konzept dat virgesäit. Si sinn, entgéint de Virschrëften, aus dem Auto geklommen an hu ganz gemittlech fotograféiert, grad wéi wann se e puer Inten op engem Séi virun der Kamera hätten. Déi grouss Kazen hu ugangs datselwecht gemaach wat och eis Hauskaze maachen wann se mat nervegen Zweebeener konfrontéiert ginn: se hunn se ignoréiert. Déi hunn sech awer net ginn, an esou koum et zu eppes wat wéi en Ugrëff ausgesinn huet. Sou ganz eescht kënnen d'Geparden dat awer net gemengt hunn, soss wier et wuel anescht ausgaangen. D'Famill, Mamm, Papp a kleng Kanner, haten also, wéi een esou schéi seet, méi Chance wéi Verstand.
Mä wéi kënnt een eigentlech op d'Iddi fir sech fräiwëlleg esou enger Gefor auszesetzen? Wien en Adrenalinrush sicht, kann den an all Fräizäitpark fannen, oder, weem dat net duergeet, beim Bungee-Sprangen oder Paragliding. Béis Zonge behaapte souguer, eis Stroosse wiere schonn opreegend genuch, a verschidde Stroossebenotzer méi geféierlech wéi all wëllt Déier, mä bon...
Oder ass de Grond e ganz aneren, villäicht dee fromme Wonsch, der Natur méi no ze kommen? Wa mer éierlech mat eis selwer sinn, hunn déi allermeescht vun eis de Bezuch zur Natur bal komplett verluer. Ech mengen elo net am Gaart Blimmercher setzen, geleeëntlech an de Bësch spadséiere goen, oder en Documentaire op der Tele kucken. An heiansdo hu mer d'Tendenz des Natur ze romantiséieren. Et stëmmt, e Gepard, en Tiger oder e Wollef strahlen eng natierlech Eleganz a Kraaft aus, ech perséinlech kéint hinne stonnelaang nokucken. Am léifsten aus enger sécherer Distanz. A villäicht ass et jo dat wat si och vun eis wëllen, einfach a Rou gelooss ze ginn. What's new Pussycat? dat huet den Tom Jones 1965 an engem Lidd gefrot, dat iwwregens, pour la petite histoire, als Filmsong fir den Oscar nominéiert war. Wat déi grouss gefleckte Pussykazen zu dem Incident am Safaripark ze soen hätten, wann se da schwätze kéinten? Eng gutt Fro...     

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.