Apropos vum Camille NeyEt ass fir ze sch…!

Wann een op der Autobunn ënnerwee ass, freet ee sech dacks, wat da wuel an deene grousse Camionen ënnerwee ass. Heiansdo steet et drop, meeschtens awer net! A wann een et da gewuer gëtt, ass dacks eng an d’Box gaang…

12/06/2018 Apropos: Et ass fir ze sch... 12h50


Nee, ech schwätzen elo hei net vun deenen Drogen oder Flüchtlingen, déi heiansdo an esou Camionen entdeckt ginn, mee vun eppes, wat mir all Dag brauchen: Toilettëpabeier! Leschte Mëttwoch koum d’Nouvelle, dass e Camion voll mat deem prakteschen Artikel op der franséischer A 31 a Brand stoung! Stonnelaang war den Trafic a Richtung Lëtzebuerg gestéiert – et war fir ze sch… weessen! Wéi de Brand entstan war – hat de Chauffeur vläicht ee gelooss, dee mat senger Zigarett a Brand gerode war – ass net iwwermëttelt?

Mee, de Geck an den Eck – et ass Gottseidank kengem eppes geschitt. Just, de Camion, dee war fir an d’Toilette! Eng Iwwerleeung sief an deem Kontext awer erlaabt: den internationalen Transport vun Toilettëpabeier ass wuel sécher an den Top 10 vun der Anti-Nohaltegkeetstabell. Ouni ze wëssen, wou dee Camion hier koum an ouni ze wëssen, wien déi Palette vun deem praktesche Stoff geliwwert krut, kann ee sech liicht ausrechnen, wéi een Deel den Transport vun esou Artikelen beim Endpräis ausmécht!

Ech hunn emol knallhaart recherchéiert: ee Rouleau Toilettëpabeier, dees Gudde mat 3 Loen, kascht am Supermarché am Duerchschnëtt 30 Cent. Wann een se am nach manner ëmweltfrëndleche Plastiksemballage zu 12 keeft gi se esouguer nach méi bëlleg! Natierlech waren déi um Camion och dodran agewéckelt an hunn den CO2-Ausstouss vun deem Fait divers, dee kee war, nach verstäerkt! Op eng Palette ginn 1.280 Rullen Toilettëpabeier an op deem Camion, dee gebrannt huet, ware geschat 34 Paletten – dat mécht also 43.520 Rouleauen Toilettëpabeier. E Verkafswäert vun 13.056 €! Gi mer elo emol dervun aus, dass een esou eng Speditioun mat engem ganze Camion vun engem Land an eent anert wuel net ënner 2500 € kritt, si ronn 20 % vum Präis vum Toilettëpabeier fir den Transport! Dat ass fir ze sch… udderen!

Beim Waasser, wat dausende Kilometer an der Fläsch huet, dierft et wuel änlech sinn – an apropos Waasser: gutt dass elo Toilette mat enger Dusch an engem Fön voll am Trend sinn, well da ginn et an Zukunft keng Camione mat Toilettëpabeier méi, déi op eisen Autobunne brennen! Da musse mir just nach déi mam Waasser vun der Strooss kréien… och wann déi net esou liicht Feier fänken!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.