Apropos vum Sandra Mélan: Fair-Play

E Samschdeg den Owend huet déi däitsch Fussballnationalequipe hiren zweete Match an der Fussballweltmeeschterschaft gespillt. D'Sandra Mélan wonnert sech iwwert verschidde Reaktiounen nom Match, besonnesch déi méi hefteg.

Ech soen et direkt, ech wäert lo net de sportlechen Deel kommentéieren. Schonn eleng well ech mech net genuch am Fussball auskennen. Et geet mir elo hei och net dorëms fir eng Equipe Positioun ze huelen.

Et ass mir och absolut kloer, datt all Equipe seng Fans a seng Géigner huet. Dat mécht déi ganz Meeschterschaft nach méi spannend: wann een héiert, datt beim Match Portugal-Spuenien zum Beispill, een e portugiseschen an och en spueneschen Noper huet. Do war et sécherlech net langweileg wann ech mir déi Situatioun esou virstellen. Oder wann een Fan Artikelen vun enger Équipe huet, respektiv iwwerall Fändelen ze gesi sinn, gëtt Gesamtbild dach immens faarweg.

Alles wat vu Public-Viewing iwwer d'Ufeieren vu senger Liebslingsequippe geet, fannen ech alles positiv a bréngt Mënschen mat dem selwechten Interessi zesummen.

E Samschdeg den Owend hunn ech de Match Däitschland géint Schweden gréisstendeels verfollegt. Ech hunn och deen 2. Goal vun den Däitschen an der 5. Minutt vun der Nospill Zäit mat kritt. Datt do vill Emotiounen opkommen ass absolut normal; sief et Euphorie oder och Enttäuschung. Wann et awer elo sou ausaart, datt e Fussballspiller nom Match op de sozialen Netzwierker fäerdeg gemaach gëtt respektiv och mam Doud gedreet kritt, dann huet dat guer näischt méi mat Sport an der WM ze dinn. Dem betraffenen Jimmy Durmaz säin Co-Equipier, Emil Forsberg, huet et op de Punkt bruecht. Hie schwätzt vun der Respektlosegkeet vun de Mënschen.

Et gëtt jo ëmmer vum Fair-Play am Sport geschwat, deen d'Spiller ënnert enee sollen hunn. Eigentlech misst et net nëmmen do fair zougoen; mee och baussent dem Fussballsterrain.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.