Apropos vum Marie GalesGlécklech

Wéi gëtt ee glécklech? Gutt Fro! Dat ass natierlech vu Mënsch zu Mënsch verschidden, ma d'Marie Gales war do op 2 Etude gestouss, déi him ze denke ginn hunn...

Apropos Glécklech


Dat waren zwou opwenneg ugeluechten Etuden, déi sech souguer iwwer 75 Joer gezunn hunn an do koum eraus dass et gutt Bezéiunge sinn, déi eis frou, méi gesond a méi glécklech maachen. Et géif do net ëm d'Zuel vun de Frëndschafte goen, mä éischter ëm d'Qualitéit vun deene Relatiounen.

Natierlech gutt Frënn kommen net vum Himmel gefall an och den ideale Partner ass net direkt ëm den Eck. Déi beschten Adress fir Frënn ze fannen ass do sécher net Facebook oder soss sozial Netzwierker, wou ee mat engem ''Klick'' Frënd mat Jänni a Männi ass. D'Etude huet sech mat richtege Frëndschafte befaasst, also mat Leit fir unzepaken, mat Frënn mat deenen ee Freed a Leed deelt. An dat mécht een op Facebook elo éischter net! Do deelt ee vläit eng Foto oder e Post, mä soss!?
Ech hunn och ni richteg agesi firwat ee mat der hallwer Welt Frëndschaft schléisse soll? Ech weess et geet net ëm richteg Frëndschaften, mä just ëm ....jo ëm wat eigentlech? Ëm d'Zuel vun de Frënn? Déi ass jo net wichteg, seet d'Etude. Ëm d'Like vun engem Post, deen ee gemaach huet?  A wann dee béis kommentéiert gëtt, wat dann? Oder ass et d'Akzeptéiere vun neie soi-disant Frënn oder d'Akzeptéiert ginn? Firwat soll ech, fir et iwwerspëtzt ze soen, mam Barack Obama Frënd ginn? Sécher e feine Mann, mä firwat? Ech kennen deen net a léieren deen och ni kennen, just well ech als Frënd do akzeptéiert sinn.
 
Dofir hunn ech mech do ofgemellt, schonns virum laangem! Ech war einfach mat ze ville Mënsche beschäftegt, déi ech net kannt hunn; einfach absurd! An ech wëll och net Frënd vun all Mënsch sinn, mä mech op déi Frëndschafte konzentréieren, déi ech hunn - a mengem richtege Liewen.

An der Etude koum och eraus dass d'Präsenz vun engem léiwe Mënsch souwuel psychesche wéi physesche Wéi reduzéiere kéint, eisen Nervekorsseli entspanen an d'Gehir op gesond Manéier beschäftegen. Dofir ärem Gléck a Gesondheet zu Léift, setzt op richteg Frënn, mat deenen een och mol streide kann (och wichteg) amplaz sterilen a flaache Personnage am Netz ze begéinen, déi Iech am Fong näischt Wichteges ze soen hunn!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.