Apropos vum Roland KaltéEinfacht Liewen

Vill vun deenen, deenen d’Hektik, de Stress ze vill gëtt, ginn an der Vakanz an d’Natur. Wëllen hier Rou. An d’Bierger. Einfach - wanderen - zum Beispill.


10/07/2018 Apropos vum Roland Kalté - Einfacht Liewen



Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat net méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer, déi eis an eisem gewéinleche Liewen haut permanent ëm d’Ouere fléien, mécht eis onroueg.

Wien einfach liewe wëllt, muss och alt emol Langweil aushale kënnen.

Mee – kënne mer dat nach? Wou mer gewinnt sinn, bal just nach kuerzfristeg Befriddegungen ze realiséieren. Esou wéi mer dat jo permanent virgeknat kréien. An enger Pub hunn ech vru kuerzem gesinn, wéi jong Leit wäit ewech vun der Zivilisatioun op e Bierg gewandert sinn. Owes – nach ëmmer uewen um Bierg, Zelt opgeriicht, gegrillt iwwer engem Lagerfeier. Dunn, mueres, op d’Schi geklommen an duerch de Polverschnéi erof. An dat alles an e puer Sekonnen.

Wou se uewen am Schnéi dréchent Holz fonnt hunn fir ze grillen, wéi se dee ganze Krëppeng erop kritt hunn, Grill, Grillzaang, Zelt, Wirschtercher, Ketchupfläsch, gëtt nit verroden. Ëm Realitéit geet et jo och nit. Et muss eng lass sinn, Action, Tempo, Spaass. Esouguer, wann een an der Vakanz zur Rou soll kommen. Ëm dat et eigentlech do sollt goen.

Wat an der lescht ëmmer méi dacks am reduzéierte Liewen an der Natur vergiess, oder esouguer ënnerdréckt gëtt, ass dat einfacht Liewen. Wou emol näischt leeft. Wou ee vläicht just Kraider richt, de Vulle nolauschtert, d’Séil einfach baumele léisst, sech bewosst d’Landschaft ukuckt, d’Rou vun der Natur lauschtert.

Mee fir dat einfacht Liewen hu mer keng Zäit. Obwuel... mer all Dag e puer Stonne Fernseh kucken, um Handy spillen, am Internet surfen, ...


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.