Apropos vum Camille NeyMea Culpa!

Et ass zwar keent vun den 10 Geboter, mee an der Bibel, wéi an anere Reliounen, geet dacks rieds dervun: "Du solls net uerteelen!". Dass de Mënsch dat awer quasi impulsiv mécht, an iwwerall säi Pefferkär bäisteiert, dees ass sech de Camille Ney och elo nees bewosst ginn...

A menger Summervakanz sinn ech Moies laanscht déi portugisesch Atlantikküst gejoggt. D'Sonn huet vum Himmel gelaacht, de renge Sand gouf an der Nuecht vum stramme Wand bis op den Trottoir geblos, d'Mier schléit an décke Welle widder imposant schwaarz Steng, d'Surfer reiwen sech de Blatz aus den An a setzen sech de Kareli Kaffi an hirem Mobilhome op d'Gasflam – alles, esouguer déi rau Landschaft, straalt Rou an Entspanung aus. Vakanzefeeling pur, gesteigert vum Serotonin-Ausstouss beim Lafen – all Leefer weess wat ech domat mengen. Op een Zoch gouf ech dunn awer vu menger rosa Wollek erofgeholl: Mäi Bléck bleift un engem Luuchtepotto pechen, un deem Blummen a Bréiwer hänken an op d'Laf- an Vëlospist goufe Spréch mat schwaarzer Faarf gesprayt – dat méi oder manner gewinnt Bild fir engem Verstuerwenen op der Onglécksplaz ze gedenken.

Wier do net dee Bouquet mat eidele Red-Bull-Béchsen an allerlee aner Energy-Drink-Vidange gewiescht, déi mat de Blummen un de Potto gestréckt gi waren. "Egal wat!" war meng 1. Reaktioun – "Wéi kann een engem Doudegen nëmmen esou gedenken?" Den Accident ass op bal riichter Streck an enger liichter Rietskéier geschitt an ech hu mir a mengem Kapp scho verschidden Ursaachen zesummegereimt, déi gutt bei dat rout Saaft mam Stéier gepasst hunn: "Wat muss dee gerannt sinn! Et konnt jo mat deem Gedrénks bal nëmmen e Mann gewiescht sinn? An en hat bestëmmt nach d'Panz voll, well soss kann een hei net esou bäi goen!" Viruerteeler iwwer Viruerteeler!

2 Deeg drop sinn ech dunn nees op där Plaz laanscht gelaf an dunn hunn ech mir gesot: "Bass Du dach keen Eefalt!" Ouni och nëmmen iergendeen Detail iwwer deen Accident ze wëssen, hunn ech Saachen dran interpretéiert, déi ech mir zesummegereimt hunn. An dunn hunn ech un all déi Commentairen an de sozialen Netzwierker geduecht, déi bei Accidenter nom selwechte Muster gestréckt sinn: einfach emol nëmmen drop lass spruddelen, Hypotheesen opstellen, ouni Respekt a Récksiicht op d'Affer an op d'Famill. De Mënsch ass nun eben esou gestréckt an dat Eenzegt, wat mir a mengem Fall nach Mutt gemaach huet, war, dass ech et duerno agesinn hunn, dass meng Viruerteeler, mäi Jugement, iwwerspëtzt, a mat grousser Chance falsch an ongerecht war. Ee Gléck, dass ech dee Gedanke just am Kapp an net am Netz formuléiert hat.

Do hunn ech deen Accident da spéider gegoogelt an erausfonnt, dass dat 29 Joer jonkt Affer vu Cascais am Juli do verongléckt ass a mat engem impressionnante Motoradcorso vu senge KTM-Kollegen op sengem leschte Wee begleet gouf. Andre Filipe: ech kennen d'Ëmstänn vum Accident nach ëmmer net a sécher geet et mech och näischt un, ech wëll just soe: Pardon a mea culpa! Du häss Dir bestëmmt déi Form vun Trauer gewënscht, wann et dann iwwerhaapt hätt misse sinn! Déi nächste Kéier wäert ech sécher besser iwwerleeën, ier ech och nëmmen drun denken, een oder eng Situatioun ze jugéieren...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.