Apropos vum Roland KaltéAuto

Eng Branche stécht an der Kris. Spéitstens zënter dem Diesel-Skandal. Mee och scho virdrun. Den Automobil gëtt ëmmer méi immobil. E puer Gedanken dozou vum Roland Kalté:

Apropos vum Roland Kalté - Auto



Elo hätte se gär, dass mer de Bus sollen huelen, oder den Zuch, oder den Tram, oder de Vëlo. A net méi den Auto. Ma geet et dann?
Déi kann een dach all net mat engem – Auto - vergläichen.
En Auto ass eise Kultobjet, eise Fetisch, eis Relioun. Dat ass dach net nëmmen esou e Fortbewegungsmëttel wéi - e Bus, oder – en Tram. Um Gotteswëllen. En Auto ass eng Liewesform, e Loschtobjet, eng Designikon, e Statussymbol, materialiséiert Fräiheet.
Renkelen a Schalten ass net nëmme just e Gefier bedéngen. Dat gehéiert zum Liewen. Dat ass wéi Ootmen, Goen, Sex hunn. Autofuere bedeit staark sinn, a PS gemooss, Flexibilitéit, Onofhängegkeet. Vollklimatiséiert, schallgedämmt, opprallgeschützt Gebuergenheet. Den Auto ass en Deel vu Mënsch sinn. Den Auto ass politesch, t’huet mat Muecht ze dinn. An et geet net primär em de Notzen, fir vu Punkt A op Punkt B ze kommen. Et geet em d’Fueren. Esou war et an - t’ass dach eigentlech och elo nach esou.
Oder net, well – deen Automobilmythos - ass am gaangen ze zerbréckelen. Déi Jong vun haut hu schonn e vill méi entspaant Verhältnes zum Auto. Den digitale Wandel wäert och d’Autoswelt veränneren. A vläicht, oder wahrscheinlech méi séier, wéi mer mengen. Den Elektroauto ass do, den autonomen Auto, gesteiert vu kënschtlecher Intelligenz, steet virun der Dier. An deen Auto,dee selwer fiert, wäert eist Denken, eis Wäerter an eis Gesellschaft veränneren. A net nëmmen e bëssi. Den Auto gëtt e Computer op Rieder. Wat déi digital Vernetzung do bedeit, hu mer nach net esou richteg begraff.
Net den Auto gëtt anescht, eist ganzt Denkmuster vum Fuere verännert sech. Den Auto ass an Zukunft keen isoléiert Fortbewegungsmëttel méi, mee en Deel vun enger vernetzter Mobilitéitswelt.
Ob dat eis eng Kéier esou gefält, wéi Autofueren? Keng Anung!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.