Apropos vum Marie GalesMotosfuerer

D'Mobilitéit war ee vun de grousse Sujeten an de Walprogrammer vun de Parteien. D'Marie Gales huet sech och do Gedanke gemaach, allerdéngs e puer anerer an zwar iwwert d'Motosfuerer

13/10/2018 Apropos Motosfuerer


''Ech haen e kuerz a kleng'', sot meng Mamm, wéi ech hier mat 16 Joer sot, dass ech mir e Moto wéilt kafen. Deemools virun 30 Joer konnt ech net richteg agesinn, firwat meng Mamm da géint Motofuere war. Haut kann ech der negativer Haltung nëmme Recht ginn. Obwuel ech soe mir, kee ka sengem Schicksal entgoen, Motofuere hinn oder hir. Mä ech kucken dat Ganzt och net aus der Sicht vun deenen um Moto, mä mir geet et ëm mech an all déi aner Autosfuerer, déi all Dag de Risk lafen an e Motosfuerer ze rennen an domadder e Liewen um Gewëssen ze hunn.

Ech war wierklech iwwerzeegt, -ah tiens Motosfuerer dierfen an der Mëtt fueren! Firwat dee Gedanken, obwuel ech mäi Code de la route awer kennen? Ma ech gesinn nëmmen där! ''Jo am Stau jo...kann ee jo och verstoen'', kréien ech da gesot. Ma nee ech schwätze wann décke Traffik ass, deen zwar nach rullt Auto un Auto, Bus u Camion a wat weess.
An do gëtt och net lues gefuer, et erféiert ee regelrecht wann dann e puer Motoe an der Mëtt laanscht brausen. A wann engem d'Iddi da kéim awer de Camion virun engem ze iwwerhuelen, da steet ee quasi als Automobilist mat engem Fouss am Prisong, sou geféierlech ass dat duerch déi Motoen, déi dann nach an der Mëtt geflu kommen.

De Combel vum Derduerch-knéchelen hat ech viru kuerzem, duerch den enke Schloff tëscht mengen dach klengen Auto an engem Bus, deen nawell no bei mir  stoung, huet sech bei enger rouder Luucht awer nach missten e Motosfuerer drécken fir an déi 1. Rei ze kommen. Gefall ass e bal...mä nee, do kann et nach schmuel a geféierlech sinn! 

Ech kennen d'Äntwert vu sou Munchen elo, ''oh oh oh Motosfuerer sinn och net eleng schold u geféierleche Situatiounen op der Strooss, d'Automobiliste mussen och oppassen''. Richteg a keng Angscht, ech brieche keng Lanz fir Raudien hannert dem Steier. Mä ech gesi leider just Motosfuerer, déi ëmmer an der Mëtt fueren. A gemittlech fueren, gesäit och anescht aus.
Ech weess et ass batter am Stau ze stoen, mä aner Mënschen duerch geféierlech Manöveren a Gefor ze bréngen, fannen ech net an der Rei.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.