Apropos vum Christiane KremerBlo - rout - gréng: wat e Faarwespill!

En Artist kéint et net besser molen! Iwwer déi aktuell Faarwekombinatioun kann ee sech begeeschteren a sech Gedanke maachen.

Et ass einfach nëmme schéin. All Dag kann een staunen iwwer déi Ästhetik, déi eisen Ae gebuede gëtt. De bloen, héijen Himmel, dat lescht gréngt Laf an déi scho gefierfte rout Blieder, Faarftëppelen, déi ee bewonnert a genéisst, wann een an der Natur ënnerwee ass. Et ass en Naturspektakel vun der schéinster Zort. A Kanada nenne se dat Indian Summer, a Frankräich sange se dofir „Eté indien“, an Däitschland an och souguer bei eis gëtt et de manner galanten Numm „Altweibersommer“.  Iwwer d’Bedeitung dovunner wëll ech awer hei ewechkucken.

An éischter op en anert Gefill agoen, dat Dir vläicht och hutt. Bei aller Begeeschterung fir d’Schéinheet vun der Natur - dozou gehéieren och déi Rise-Käschte vum Bam bei mir an der Strooss an dat säftegt Uebst aus de Bongerten - spieren ech och ëmmer esou e Stach, deen dréckt. Ass dat do elo e Joerhonnert-Summer, fir et emol mat engem Superlativ auszedrécken, oder ass et en däitlecht Zeeche fir dat, wat wéi e Gespenst scho laang dorëmmer geeschtert: Klimachangement? Déi rezent Iwwerschwemmungen a Stierm uechtert d‘Welt verstäerken dat nach oder d‘Unzeeche vun Dréchent oder vu Migratioun vu méi exoteschen Insekten an eis Géigenden.

Esou e mitigéiert Gefill hat ech schonn an der décker Summerhëtzt am Juli, wéi ech d‘Buch „Die Geschichte des Wassers“ vum Maja Lunde gelies hunn, an deem vun engem Flüchtlingslager anno 2041 matten a Frankräich Rieds geet, wou Mënschen op der Flucht vrun der Dréchent Richtung Nordeuropa ënnerwee sinn.

Och onwuel war mer, wéi ech elo nees en Interview mam amerikanesche President gesinn hunn, deen op d‘Fro nom Klimachangement, just geäntwert huet: Si géinge soen, datt et esou Wiederextremer scho fréier goufen, ouni kënnen ze präziséieren, wien „Si“ da sinn.
Woubäi mer bei der Politik wieren a beim Titel vun dësem Apropos. Jo, deen hätt och kënnen op déi aktuell politesch Situatioun zu Lëtzebuerg passen. Dat war awer net meng éischt Iddi, och wa mer de Gedanken net aus dem Kapp geet; datt dat gréngt Resultat bei de Walen och en Indice drop ass, datt mir eis ëmmer méi Gedanken iwwer d‘Ëmwelt maachen an där mer wëlle liewen.
A wann deen hëtzege Summer an dee waarme Walsonndeg eis Wiel matbestëmmt sollen hunn, da passt "politescht Faarwespill" als Titel jo och.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.