Apropos vum Josiane HoffmannEinsamkeet

Et gëtt eng chronesch Krankheet, déi ganz vill Leit betrëfft, déi awer an eisem Alldag net wierklech intensiv thematiséiert gëtt – d’Einsaamkeet. Hei e puer Gedanken dozou vum Josiane Hoffmann vu your-coach.lu

10/11/2018 Apropos vum Josiane Hoffmann - Einsamkeet



Jo, ech muss gestoen, datt ech et heiansdo richteg genéissen, wa meng Famill net doheem ass an ech net schaffe muss. Wéi flott ass et, gemittlech eng Tiessche Kaffi ze drénken, e puer Säiten a mengem Buch weiderzeliesen, ouni gestéiert ze ginn. E Luxus am Fong.

Oder ass et éischter e Luxus, datt mäin Elengsinn gläich nees ënnerbrach gëtt, datt ech gewuer ginn, wat meng Kanner beweegt, wat mäi Mann grad erlieft huet?

Ech hat also de Privileeg, eleng ze sinn, mee ganz a Balance mat mir selwer, sou datt ech deen Zoustand och appreciéiert hunn. Einsam hunn ech mech dobäi net gefillt. Ech weess, datt ech dozou gehéieren, datt ech meng Famill a Frënn hunn, meng Leit vun der Aarbecht, je, datt ech meng Plaz am Liewen hunn.

Hautdesdaags fille sech awer vill Leit an eiser Gesellschaft einsam. An dat sinn net just eeler Leit. Och vill Jonker a Leit am mëttleren Alter kommen heem a spiere sech ausgegrenzt. Si géinge sech gäre mat engem anere face-à-face iwwert hiren Dag austauschen. Verschiddener sëtzen méi wéi 8 Stonnen an engem Groussraumbüro a fille sech awer isoléiert, obwuel se de ganzen Dag Leit ronderëm sech hunn.

Den däitsche Psychiater Manfred Spitzer huet dëst Joer e wichtegt Buch publizéiert: Einsamkeit – die unerkannte Krankheit. Och wann den Auteur mat senge Wierker alt polariséiert a seng Léisunge géint d’Einsamkeet e bëssen onkreativ schéngen, brécht hien hei mat engem Tabu.

Well wie gëtt, grad an enger Gesellschaft, an där d’Mënsche duerch d‘sozial Medien ëmmer méi vernetzt sinn, gären zou, datt en einsam ass? De Spitzer leet duer, datt Einsamkeet sech op d’psychesch an op d’physesch Gesondheet auswierkt, also z.B. Depressiounen ausléisse kann, de Risiko vun Häerzkrankheeten a Kriibs erhéicht, an di éischt Doudesursaach an eiser westlecher Welt ass.

Wat maachen? Vläicht sinn hei ebe grad eigentlech banal Moossnamen di bescht. Mir misste di Leit ronderëm eis vill méi bewosst wouer huelen, hekteschen Alldag hin oder hir. Gëtt et vläicht am Haus eng eeler Persoun, déi ni Besuch huet? Ass op der Aarbecht een, deen net Deel vum Kollegekrees ass? Komme mir net méi richteg un ee Mënsch, deen eis nosteet, erun?

Reegelméisseg e kléngt Gespréich, wou mir wierklech ganz bei eisem Géigeniwwer wieren, kéint hei schonns en éischte Schrëtt géint d’Einsamkeet sinn.

A wa mir op anerer zouginn a nei Relatiounen opbauen, suerge mir och dofir, eis net selwer mussen einsam ze fillen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.