Apropos vum Camille NeyDen hellege Stull

De Mënsch ass gescheit a ka mat senger Intelligenz villes erreechen. A wann déi net duer geet, da kritt e vun der artificieller Intelligenz, de Computere, gehollef. An awer ginn et paradoxerweis Problemer, fir déi en einfach keng Léisunge fënnt. De Camille Ney ass nach viru Kuerzem esou engem begéint…

17/11/2018 Apropos Den hellege Stull 13h15


Et war Moies um 6.00 Auer bei scho gefillten 30 Grad an enger sonneger Vakanzendestinatioun. Hei war et an den Emirater, mee déi Szen, déi hätt sech a sech iwwerall op der Welt kënnen ofspillen. Ech war mat den Hénger opgestan fir en Ausfluch ze maachen. Wéi ech du laanscht d’Schwämm a Richtung Kaffisdësch gaang sinn, koume vu rieds a vu lénks op eemol Kanner mat Blatz an den An a mat groussen, opgeblosenen Delfinen, Krokodiller, Einhörner oder einfach nëmme gigantesche Reefer op der Schëller.

Si haten en Zil, héchstwahrscheinlech mam Wecker ferngesteiert vun den Elteren: déi beschte Ligestill ronderëm d’Schwämm: deen nooste bei der Bar, der Rutschbahn, der Toilette, der Animatioun oder déi ganz beléift an engem privaten Holzhaischen mat prakteschem Sonnendaach. Mat deene grousse Plastiksskulpture geet dat fein, fir mat Hëllef vun 2-3 Dicher, Täschebicher, Schnorchel a Schwammbox direkt 6 oder 7 där Still souzesoen ze reservéieren, ze markéieren, den Hond géif soen ze bepissen, fir dass och nëmme kee sech traut, och nëmmen e Fouss drop ze setzen. An de Schwamm-Meeschter, deen am gaang ass de Buedem ze botzen a Chlor an d’Waasser ze maachen, huet och näischt dergéint – dat ass jo all Moien dat selwecht Spillchen. Reservéiert ass reservéiert, an d’Kanner kënnen elo nees schlofe goen! Den Dag ass gerett!

Dir kennt déi Geschicht sécher och aus aneren Hoteller an esou vill, wéi sech d’Touristiker scho mat deem Phenomen beschäftegt hunn – eng Léisung huet nach kee fonnt! Deem misst een dann och dee bis elo eenzegen Tourismusnobelpräis ginn! Eng hallef Léisung ass emol déi, wann s de duebel esouvill Ligestill hues, ewéi Leit am Hotel! Wann der méi do sinn, ewéi een der brauch, da mécht dat Spill kee Spaass méi! An all déi, déi sech bis elo doruechter getraut hunn, Dicher oder Geschir vum Personal einfach ewech huelen ze loossen, wann de Stull länger eidel war, oder de Stull nëmme fir eng bestëmmten Zäit ze verlounen, kruten hiert Fett ewech op Tripadvisor a Compagnie!

Nee, mäi Ligestull ass mir helleg fir déi wäertvollst Zäit vum Joer, op ech en elo just fir eng Stonn oder esouguer guer net benotzen, well déi ganz Famill awer dee ganzen Dag op der Plage, an der Schwämm, am Restaurant oder um Zëmmer verbruecht huet. Et ass e gutt Gefill ze wëssen: ech hätt ee gehat, wann ech e gebraucht hätt – an déi aner hunn deen net kritt!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.