Apropos vum Roland KaltéZoufall

Beim Zoufall seet een heiansdo - et fält engem Eppes zou wat fälleg ass... ass dat wierklech esou, oder ass et nëmmen eng Lotterie? De Roland Kalté huet sech e puer Gedanke gemaach

Zoufall



Firwat geschitt deem engen eppes an deem anere näischt?
Zoufall? Mee op Zoufall ass kee Verlooss. Fir déi praktesch Liewesplangung a –féierung daacht e kee roude Su.
Gëtt et en Ënnerscheed tëscht Schicksal an Zoufall? Oder stinn s’am Géijesaz?
Firwat een am Lotto gewonnen huet oder engem de Blummestack mat de Geranien vum Noper sengem Balcon op d’Schiebel gefall ass? Zoufall?
Alles ass méiglech a Verschiddenes och nach mateneen. Schicksalszoufällegkeet souzesoen. Wann engem eppes Schlechtes geschitt ass, da freet ee sech heiansdo, firwat esou eppes passéiere konnt. A firwat mir? Ween un déi Schicksalszoufällegkeet do gleeft, dee mécht sech et schwéier. Ass et net einfach esou, dass Verschiddenes einfach geschitt, a wann et ee selwer getraff huet, war Pech. Shit happens.
Ob een et elo mat Schicksal oder Zoufall verknäppt, ass zimlech wurscht, wann dat, wat engem passéiert ass, een aus der Bunn gehäit. An do brauch ee schonn eng gehéierlech Portioun Coolness, e Koup Optimismus fir mat där Onsécherheet emzegoen. Sech no de Gesetzer vun der Wahrscheinlechkeet halen, ass awer och keng honnertprozenteg Sécherheet. Wéi scho gesot. Shit happens! A jiddereen ass wuel déi eng oder déi aner Kéier mat derbäi.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.