Apropos vum Roland KaltéAlles Wurscht!

Bei Wurscht dénke mer u Mettwurscht, Currywurscht oder soss eng. De Roland Kalté denkt awer haut un Eppes ganz anescht:


Mer soen awer och dacks: „Ass mer Wurscht!“
Heescht: Ass mer egal! Mee – „ass mer Wurscht“ huet méi Nodrock. Wat engem Wurscht ass, ass net nëmmen egal. Dat ass méi. Dat ass den Héchstgrad vun der Steigerung: Egal, quiitschegal, Wurscht!
T’kann engem jo och villes egal sinn. T’muss ee jo och net alles Eescht oder wichteg huelen. T’muss een och verschidde Saachen ignoréieren. Well s’einfach - Wurscht sinn.
Schlecht gëtt et just, wann een op eemol op alles esou eng „Generell-Egal-Astellung“ iwwerhëlt. Well ëmmer, wa mer Zäit mat Saache verbréngen, déi eis total Wurscht sinn, zerstéiere mer eppes an eis. Dat, wat eis motivéiert, oder dat, wat eis esou eppes wéi Freed vermëttelt. An – dat „Ass-Mer-Egal-Verhalen“ huet nach aner fatal Auswierkungen. T’mécht een alles méi schlecht, bon – ass vläicht Wurscht, t’gëtt een awer dann ëmmer méi kritiséiert, am Job riskéiert ee seng Plaz, et schëppt ee sech souzesoen säin eegent Graf. Wiem alles Wurscht ass, huet och keng Motivatioun, verléiert déi aktiv Roll a sengem Liewen, agéiert nit méi, hëlt keng Decisioune méi, ka natierlech och aner net matrappen, provozéiert Widderstänn, fonctionnéiert just nach, wann iwwerhaapt, gëtt ëmmer méi passiv.
Natierlech kënne Saachen engem Wurscht sinn. Wie Weltmeeschter am Chrëschtbeemchensschéissen ass, muss ee net intresséieren. Och wat de Jamper de Mëtteg am Restaurant bestallt, fotograféiert, op de Facebook gesat an duerno giess huet, ass komplett Wurscht. T’muss ee kënnen entscheeden, wat engem egal ass. Esou eng aktiv Quiitschegalheet schützt een, Desagreabeles ze vill u sech erunzeloossen. Déi Form vun Ofgrenzung huet esouguer e gewëssenen therapeutesche Wäert. Mer kënne net alles wichteg huelen, well mer eis soss ze vill ofhängeg maachen. T’soll ee sech schonn op dat konzentréieren, wat zielt.
Awer, dass eis alles oder dat meescht Wurscht ass, ka net sinn Da mécht een eppes falsch. Da schéngt een d’Ignoranz als Taktik ze notzen, fir sech vun der Realitéit ofzeschiermen. Geféierlech!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.