Apropos vum Marie GalesAgespaarten Déieren

En Häerz fir Déieren hunn der vill, och d'Marie Gales. Mee nieft Hond a Kaz, eis domestizéiert Déieren, mécht eis Kollegin sech och Gedanken ëm Déieren, déi agespaart sinn.

02/02/2019 Apropos agespaarten Déieren


Natierlech géif ech et immens fannen e Wollef ze heemelen oder en Äisbier vu wäitem ze gesinn, dee sech opriicht a mat sengen imposanten 3 Meter viru mir steet. Anerer fannen et super eng Schlaang unzepaken, déi sech jo anscheinend no Seid ufillt. Dat wäert ech sécher ni maachen, ech fäerte Reptilien. Och Haien, a wäert dofir och ni an engem Käfeg an d'Mier dauchen fir sou e Koloss vu 6 Meter viru mir schwammen ze gesinn. Mä alles wat net Alldag ass, also Hond a Kaz, zitt vill Mënschen un. Sou vill, dass een da mat Stéieren an enke Gaassen zu Pamplona muss lafen, wat fir Mënsch an Déier eng Rise Gefor ass. Oder dass een Tiger, Léiwe oder soss Grousskazen a senger Stuff sëtzen huet, just well ...jo am Fong firwat eigentlech???!!!
All dës Déieren sinn deen Ament net an hirem natierleche Liewensraum. Och net de Stéier, deen an der Arena géint Mënschen muss untrieden. Absurd beschreift et am beschten. Genee sou gesinn ech och déi Déieren, déi agespaart ginn fir dass mir se kënne kucke goen.

Viru kuerzem hunn ech de Film ''Die Reise der Pinguine'' gesinn, en Dokumentarfilm iwwer Keeserpinguinen, vu wäit ewech gefilmt fir net den natierleche Liewensoflaf a -Raum vun deene Villercher, déi net fléie kënnen ze stéieren. Ech sinn ewech vu Pinguinen a géif am léifsten direkt sou een halen an heemelen a mat him spillen. Mee natierlech kënnt dat ni a Fro....wat doen ech deem Déier un?
Keeserpinguinen liewe bei -40 Grad an der Antarktis a gi bis zu 100 Kilometer wäit fir Friessen fir hiren Nowuess ze fannen. Si begéine ville Geforen, zum Beispill Schwertwaler, déi se friessen. Wa se iwwerliewen, kënne si bis zu 20 Joer al ginn a bis zu 1 Meter 30 grouss. Ech kinnt Iech nach sou vill iwwer Pinguinen erzielen, well ech si einfach immens fannen. Mee ech wäert och glécklech stierwen wann ech kee Pinguin richteg gesinn hunn. Well ech wunnen net an der Antarktis an dofir ass d'Chance kleng fir sou een ze gesinn.
 
An da muss ech och kee sou en Déier hannert Mauere gesinn, just fir mäi Pleséier. Dofir ginn ech och net gär an en Zoo, jo ech héiere se schonns dës Stëmmen nees wat dat vun Notzen ass an dass sou munch Déier schonns ausgestuerwe wier, wann net deen Zoo a sou weider. Abee den Äisbier ass geschwë fort, wann nach méi Äis schmëlzt a mir nach Mierer verknaschten. Do hëlleft och en Zoo näischt méi.
 
Och wann et den Déieren bestëmmt oder hoffentlech do un näischt feelt an dass alles gemaach gëtt fir dass si frou sinn, wat dat och ëmmer wëll heeschen, mee an hirem natierleche Liewensraum ass d'Schlaang net, déi do hannert Glas läit an op hir nächst Rat waart.

Mir dinn dës Déieren all leed an ech denken un eng weider schrecklech Zeen vum leschte Joer. Net genuch dass mir en Äisbier an en Zoo kucke ginn, mee wéi de leschte Summer eng Croisière zu Spitzbergen an Norwegen gelant ass, fir dass d'Passagéier mol endlech sou e grousse wäisse Bier gesi konnten, huet d'Déier misste mat sengem Liewe bezuelen.
Den Äisbier war ze no komm an hat attackéiert. Jo wou soll en dann hinn? Mol do ass en net méi sécher virun der uergster Bestie vun dëser Welt, an zwar virun eis!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.