Apropos vum Gérard FloenerVëlospisten

Virun 2 Wochen ass op enger Pressekonferenz een neie Vëlos- a Foussgängerwee laanscht d'Fondatioun Pescatore virgestallt ginn. De Gérard Floener, deen all Dag mam Vëlo schaffe kënnt, huet sech an deem Kontext och e puer Froen iwwert d'Sécherheet vun de Vëlospiste gestallt.

11/02/2016 Apropos: Vëlospisten



Virun allem hunn ech mech gefrot, op déi Leit déi esou d'Vëlosspuere plangen iwwerhaapt selwer mam Vëlo ënnerwee sinn. Wahrscheinlech net, well wann déi Pisten op eegen Erfahrung opbaue géifen, wieren se wahrscheinlech vill méi sécher.

Op d'Iddi, ee Wee fir Foussgänger a Vëloen aus Holz ze bauen kann een nëmmen an engem waarme Büro kommen. Wann d'Holz naass gëtt, da gëtt et geféierlech rëtscheg. Déi Erfahrung hunn ech am Hierscht an der Péitruss gemaach, wéi ech, wéinst engem Schantjen, hu missten iwwert déi hëlze Foussgängerdeviatioun fueren. Et hat grad gereent, d'Holz wor naass, an ech hu mech getässelt. Bei där Aktioun sinn ech nach eng Kéier mat engem bloen A a 4 Stéch iwwert deem A ewech komm.

Et ginn awer nach vill aner, a mengen Ae geplangten, geféierlech Situatiounen, op déi ee sech als Foussgänger a mam Vëlo an der Stad aloosse muss.

De Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg zum Beispill. Do gëtt et ee laangt Stéck, op deem den Trottoir gutt breet ass, an esou ugeluecht ass, datt Foussgänger a Vëloe sech deen deele kënnen. Mat engem Schéinheetsfeeler: D'Schëlter an d'Biller um Trottoir weisen däitlech, wéi eng Säit fir wien geduecht ass. Dat bréngt awer mat sech, datt bei engem Busarrêt, d'Foussgänger mol fir d'éischt mussen iwwert de Vëloswee goen, éier si op hirem Deel vum Trottoir sinn. Eng geféierlech Situatioun, well je nodeem op wéi enger Plaz ee grad kënnt, ass de Bus aus deem d'Passagéier erausklammen vum Bushaischen verdeckt, an et gesäit een d'Foussgänger eréischt, wann se um Wee stinn!

Dobäi wier et esou einfach, d'Schëlter an d'Markéierungen ze änneren, datt déi Situatioun schonn entschäerft wier. Oder plangt Dir beim Tram och d'Passagéier d'éischt iwwert d'Strooss goen ze loossen, éier se op den Trottoir kommen?

Net wierklech gell? Mä dee geplangten Arrêt Pont Rouge vum Tram weist op den Entwërf alt nees eng Kéier, wéi ee mam Vëlo an der Rushhour muss duerch all d'Passagéier, déi grad vum Funiculaire kommen an an den Tram wëlle klammen. Gëtt et do wierklech keng Alternativ fir déi Situatioun vun Ufank u méi sécher a komfortabel fir jiddwereen ze plangen?

A vun der neier Avenue op der Gare schwätzen ech scho guer net, déi Vëlosspuer ass just ee Witz. Op Twitter gëtt et iwwregens een Grupp, dee sech fir méi Vëloen op de Lëtzebuerger Stroossen asetzt, an d'lescht Woch eng Foto gepost huet, déi dat ënnersträicht.

Jo, et ass net evident, fir am Alldag mateneen eenz ze ginn. A genee dat muss jiddwereen, dee sech am Stroosseverkéier beweegt léieren. Ech mengen awer, datt et méiglech ass, mateneen, an niefteneen gutt duerch den Traffik ze kommen, wann dat am géigesäitege Respekt geschitt, a keen op deem anere seng Virdeeler jalous ass. A wann dee gemeinsame Raum dee mir eis deele sollen, esou geplangt ass, datt déi méiglech Geforequelle vu fir eran evitéiert ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.