Background am Gespréich vum 18. MäerzViviane Reding a Robert Goebbels: Zukunft als Kär-Europa

Am Background am Gespréich hu mir um Samschdeg mam Viviane Reding a mam Robert Goebbels iwwert d'Zukunft vun der Europäescher Unioun geschwat.

Radio - Background - Viviane Reding a Robert Goebbels (18.03.2017)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

No den Wahlen an Holland ass net alles an der Rei, mä mir hunn opgeotemt, datt de Populismus do net sou duerchgedréckt huet, wéi d'Sondagen et Viraus gesot hunn, dat sot d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding um Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

D'Gewiicht vum Geert Wilders a senger Partei wier virun de Wahlen notamment vun de Medien iwwerbewäert ginn, huet de fréieren LSAP-Europadeputéierten Robert Goebbels gemengt, deen och déi allgemeng Meenung deelt, datt de Premier sortant Mark Rutte vu senger Gestioun am diplomateschen Eclat mat der Tierkei profitéiert huet. D'Tierkei géif, trotz alle Provokatiounen awer, e wichtegt Land an Europa bleiwen, e Land wat Europa aus diverse Grënn brauch, sou de fréieren LSAP-Minister.

D'Viviane Reding dogéint huet an deem Kontext un d'Resolutioun vum Europaparlament erënnert d'Bäitrëttsverhandlungen mat Ankara missten op Äis geluecht ginn an an engems zouginn, datt Europa an Zwéckmillchen ass. Dobäi wier et evident, datt d'Tierkei net an den nächsten 20 oder 30 Joer Member vun der Europäescher Unioun wäert sinn, sou déi zwee Politiker. Dat erliewe mir net méi, datt d’Tierkei Member gëtt, sot déi fréiere Vizepresidentin vun der Kommissioun.

Eens ware sech eis zwee Invitéeën och driwwer, datt den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun eng gutt Saach fir Europa ass. Hei géif ee goen, deen ni e richtege Member war an a wichtegen Dossiere permanent op der Brems stoung.

D'Zukunft vun Europa, och dat war e gemeinsame Constat vu Viviane Reding a Robert Goebbels, géif doranner leien, datt vereenzelt Länner a spezifesche Froen méi maache kënne wéi déi aner. En „Europe à la carte“ quasi aus realpolitesche Grënn, well e Mateneen zu 27 net méi funktionéiert.

Background am Gespréich mam Viviane Reding a Robert Goebbels


Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.