Background am Gespréich vum 25. MäerzNohaltegkeet beim Iesse geet jiddwereen eppes un

Nohalteg Liewensmëttelproduktioun, dat war eise Sujet dëse Samschdeg an engem Background Spezial.

© Christian Schmit / RTL

Am Kader vun enger Table Ronde, live vun der Springbreak, hu mer iwwert eis Iessgewunnechten a wéi jidderee säin Deel kann dozou bäidroen, nohalteg ze produzéieren, geschwat. Mat um Dësch souzen d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. Weider Invitéë waren den Tom Jungblut, e jonke Bauer, dee sech op nohalteg Liewensmëttelproduktioun spezialiséiert huet, d'Geschäftsfra Christiane Wickler, d'Soziologin Rachel Reckinger vun der Uni.lu, där hir Fuerschungsberäicher Ernährung a Nohaltegkeet sinn, souwéi den Direkter vun der Veterinärsinspektioun Felix Wildschutz.

Aner Theme waren en Label fir Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg an den immense Fleeschkonsum vun de Lëtzebuerger.

Backgroundh: Nohalteg Liewensmëttelproduktioun (25. Mäerz)


Nohaltegkeet beim Iessen, dat si gesond a qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel, déi ënner faire Konditioune produzéiert ginn, dat sot den Landwirtschaftsminister Fernand Etgen op der Table Ronde.

Konsumente spille beim Thema Nohaltegkeet eng wichteg Roll, duerch dat, wat si kafen, bestëmme si, wat an den Butteker an d'Regaler kënnt, sou den Landwirtschaftsminister.

Dem Lëtzebuerger, deem wier Saisonales, Regionales an de Präis immens wichteg. Dat weist eng Etude vun der Uni.lu sot d'Rachel Reckinger, si ass spezialiséiert op den Gebidder Ernährung an Nohaltegkeet.

D'Lëtzebuerger iessen also gäre Produiten, déi hei am Land gemaach ginn. Déi kommen awer net iwwerall op den Teller. Ee grousse Problem wieren d'Kantinnen an de Kliniken oder Schoulen, sou den Tom Jungblut, e jonke Bauer, dee selwer Liewensmëttel produzéiert.

Et wier un eis all elo den Autopilot auszeschalten an néi Weeër ze goen, sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Background Table Ronde / Reportage Sandra Schmit


Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.