Background am Gespréich vum 15. AbrëllCGFP: Stagiairen dierfe keng bëlleg Aarbechtskraaft sinn

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war den neie Generalsekretär vun der CGFP Steve Heiliger.

Esou war d'Reform vum Stage net geduecht, dat sot de Generalsekretär vun der CGFP, Steve Heiliger, e Samschdeg de Mëtten an der Emissioun Background am Gespréich.

Fir d’Aschneidunge bei der Remuneratioun sollt et eng Contrepartie ginn, esou de Steve Heiliger, ma vun där wier elo an der Praxis näischt ze gesinn. Déi Contrepartie misst sinn, datt de Stage dann och als regelrechte Stage misst organiséiert sinn, dat heescht, datt de Stagiaire keng voll Aarbechtskraaft wier, mä an där Zäit géif léieren. Ma haut héiert een awer ëmmer méi, datt d'Stagiaire quasi an d'kaalt Waasser gehäit ginn, se schaffe voll a gi just mat 80 Prozent bezuelt. Esou war et net geduecht.

Extrait Steve Heiliger (1)



Och de Bewäertungssystem dierft een Thema bleiwen. Verschidden établissements publics géife sech iwwerdeems queesch stellen, fir déi Elementer ëmzesetzen, déi fir d'Mataarbechter favorabel wieren, bedauert d'Staatsbeamtegewerkschaft.

De Gehälteraccord mat Erhéijung vum Punktewäert dra wier eng adequat Reaktioun op d'Verbesserung vun der finanzieller Gesondheet vum Land. Ganz wichteg wier et awer elo, datt all d'Elementer och korrekt ëmgesat ginn.

De Virgänger vum Steve Heiliger, de Romain Wolff, ass jo op de Stull vum President gewiesselt. 
All Mënsch ass anescht, seet den nach neie Generalsekretär, trotzdem gëtt d'Kontinuitéit bei der CGFP ganz grouss geschriwwen. Esou e Wiessel verännert näischt un der Grondausriichtung vun der CGFP

Extrait Steve Heiliger (2)



Ee vun de grousse Problemer am ëffentlechen Déngscht ass de Rekrutement. Den Taux de Réussite beim Concours ass niddereg. De Rekrutement muss dann och iwwerschafft ginn, sot de Generalsekretär vun der CGFP Steve Heiliger an der Emissioun Background am Gespréich. Ënnert anerem gëtt et Reformbedarf beim genannten Examen. Dee wier net onbedéngt ze schwéier, awer vläicht net méi adaptéiert. Och bei der Preparatioun a bei der Formatioun missten Etudë weisen, wat fir Méiglechkeeten et géing ginn, fir de Rekrutement an Zukunft ze verbesseren.

En anert Thema an der Emissioun waren d'Antipathië géintiwwer Staatsbeamten. Et bestinn nach ëmmer eng Rëtsch Clichéen, bedauert de Steve Heiliger. Héich Remuneratioune missten awer zum Beispill relativéiert ginn, well d'Paien zum Deel erofgaange sinn. Et kann een de Staat och net Responsabel maachen, wa verschidden Acteuren am Privatsecteur hir Responsabilitéiten net geholl hunn.

Extrait Steve Heiliger (4)



Parallel dozou goung et am Privatsecteur awer an déi aner Richtung.

Statutaresch gesi wier de President de Leader, d'Cheffunktioun léich also dee Moment an den Hänn vum Romain Wolff. D'Relatioun tëscht President a Generalsekretär wier ganz gutt, seet de Steve Heiliger a betount, datt ee virun allem als Equipe géing schaffen an optrieden.

Wann et néideg wier, kéint hien um Riednerpult wahrscheinlech och e gewëssen Toun uschloen, esou de Generalsekretär. D'Gewerkschaftsaarbecht géing awer manner an de Stroosse, mä méi Verhandlungsdësch gemaach ginn.

Background: Steve Heiliger (15. Abrëll)


Déi komplett Emissioun "Background" kënnt Dir hei, respektiv um Radio an der Rediffusioun e Sonndeg den Owend no de Neiegkeete vun 20 Auer nolauschteren.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.