Background am Gespréich vum 22. AbrëllDokter Marc Diederich: Grouss Progrèsen a Kriibsfuerschung

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war den Dokter Marc Diederich.

Background mam Marc Diederich (22.04.2017)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Och de Background stoung am Zeeche vum Télévie.

Background am Gespréich mam Dokter Marc Diederich

Iwwert déi lescht 10 Joer sinn aussergewéinlech Progrèsen an der Kriibsfuerschung gemaachginn. Dat sot den Dokter Marc Diederich, deen um groussen Téléviedag Invité am RTL Background war.

Et goufen eng Rei Medikamenter entwéckelt, déi d'Liewenserwaardung vun de Patienten wesentlech verbessert hunn.
Zu deenen neie Medikamenter, respektiv Therapieformen gehéiert zum Beispill d'Immunotherapie.



Zil vun de Fuerscher ass, datt Kriibs bis 2050 keng déidlech Krankheet méi ass. En Zil, dat ganz realistesch ass, esou den Dokter Marc Diederich. Nieft der Fuerschung sinn awer och déi nei Detektiounsméiglechkeete wichteg, si erlaben et, de Kriibs sou fréi wéi méiglech z'erkennen. En anere Facteur, deen een net dierf negligéieren, ass d'Verhale vu jiddwer eenzelem - Stéchwuert Präventioun.

An der Emissioun huet de Marc Diederich ënnerstrach, datt och politesch Decisiounen e groussen Afloss op d'Fuerschung hunn.  Beispill USA mam Donald Trump, deen d'Fuerschungsgelder drastesch kierze wëll an och a Frankräich kéinten dëse Weekend mam éischten Tour vun de Presidentiellen Decisioune falen, déi net gutt fir d'Fuerschung wieren.


LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Déi komplett Emissioun "Background" kënnt Dir hei, respektiv um Radio an der Rediffusioun e Sonndeg den Owend no den Neiegkeete vun 20 Auer nolauschteren.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.