Background am Gespréich vum 21. OktoberMichel Wurth: Land op 3. Industrie-Revolutioun preparéieren

Invité dëse Samschdeg am Background am Gespréich war de Michel Wurth, de President Patronatsverband UEL.

Background am Gespéich mam Michel Wurth (21.10.2017)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

De Wirtschaftswuesstem steieren an d'Land prett maachen fir d'drëtt industriell Revolutioun, déi mam Rifkin-Plang virgezeechent an d'nächst Woch an der Chamber debattéiert gëtt, dat wëll de Michel Wurth, deen de Patronatsverband UEL presidéiert an e Samschdeg de Mëtteg den Invité an der Emissioun Background am Gespréich war.

Steiernische si passé, duerfir muss sech op nei Pisten, wéi de "Space mining" konzentréiert ginn, sou den UEL-President.

Datt Google e Projet zu Biissen plangt, begréisst de Michel Wurth, mä verstoppt net, dass dann awer och missten all aner Firmen kënne vun de selwechten Avantagen a kuerzen Prozedur-Weeër profitéieren.

Wat de Budgetsprojet fir d'nächst Joer ugeet, sou bedauert et den RTL-Invité, datt den Defizit vum Zentralstaat mat 890 Mio ze héich wier an datt keng Reserven ugeluecht ginn.

D'Philosophie, déi hannert de "Stock Options" stécht ass richteg a gëtt gebraucht, fir héich-qualifizéiert Mataarbechter an de Betriber ze halen, sou nach den UEL-President. Dofir ass de Patronatsvertrieder éischter virsiichteg, wann et ëm Reformen geet - et wier och nach ëmmer e Besoin do, fir de System vu Stock-options ze halen.

Net mam Patronat ze maachen, ass eng strukturell Hausse vum Mindestloun, dogéint ass ee bei der UEL awer d'Accord, datt de Pappecongé op 10 Deeg gehéicht gëtt. Als Konterpartie ass ee sech mat der Regierung eens ginn, datt déi 8 Deeg, déi bäikommen iwwert de Staatsbudget finanzéiert ginn.

Background am Gespéich mam Michel Wurth

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.