Background am Gespréich vum 3. NovemberDan Kersch: Ginn a keng Regierung, wou mir erniddregt ginn

Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war den Dan Kersch vun der LSAP.

Background am Gespréich mam Dan Kersch (03.11.2018)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Et haten déi mannsten domadder gerechent. D'CSV huet d'Walen am Oktober net gewonnen. Et geet wuel weider mat Gambia. Een aus der 3er-Regierung war um Samschden eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mam Dan Kersch hu mir iwwert d'Situatioun vun der LSAP, d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft, d'rout Linne vun der LSAP a soss iwwer d'Politik heiheem geschwat.

Background am Gespréich mam Dan Kersch


Ganz selbstkritesch huet sech e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich den LSAP-Politiker Dan Kersch ginn. Eng vun den Aussoe war et, datt d’Sozialiste sech selwer ze vill mat sech an de leschte Méint a Jore beschäftegt hätten, an ze wéineg mat der Zivilgesellschaft. Dat misst een an Zukunft änneren, an dat géif net nëmmen der Partei, mee och der Gesellschaft ze gutt kommen, huet den Dan Kersch gemengt.

D’Sozialiste wiere mat engem ganz lénke Programm an d’Wale gaangen. Si hätte sech rout Linne ginn, déi si och an enger Regierung wéilte mathuelen. An déi sinn och ausschlaggebend bei den Diskussioune fir eng nächst Regierungsformatioun mat der LSAP.

Extrait Dan Kersch (1)



Wat d'Koalitiounsgespréicher betrëfft sot den Dan Kersch weider, dass een op Aen-Héicht do matschwätz. D'LSAP géif et net acceptéieren nëmme matgeholl ze ginn, fir dass eng Majoritéit zustane kënnt. Et hätt een als Gambia och nach genuch op der Lee.

Extrait Dan Kersch (2)

De Verloscht vun den dräi Sëtz hätt wéigedoen. Ma wat de Stëmmeverloscht vun der LSAP ugeet, esou misst een no enger Analys kucken, wouhinner d’Wieler gaange sinn. Mat de Piraten hätt een op jidder Fall net an deem Moos gerechent, sot den Dan Kersch, eng Ausso déi och schonn an der Woch de Marc Baum vun déi Lénk gemaach hat, wéi hien eisen Invité vun der Redaktioun war.

Wat d’Kritik an der Vergaangenheet vun déi Lénk un der LSAP ugeet, hätt ee Walsonndeg gesinn, datt déi Lénk och net dat Resultat konnten afueren, wat si sech virgeholl haten. Déi Lénk misste sech hannerfroen, am Plaz d’Sozialisten ze kritiséieren.

D'LSAP ass nach weider eng Vollekspartei. Si ass net verantwortlech, wéi d’Sozialisten am Ausland, fir ee massive Sozialofbau, esou den Dan Kersch. Hien huet dann och nach erkläert, datt hie politesch gesinn, kee Plang B gehat huet.

Den Dan Kersch ass dann och fir eng Reform vum Walgesetz. Den LSAP-Politiker mécht sech och Suergen, datt déi grouss traditionell Volleksparteie weider un Attraktivitéit verléieren. An esou de Wee fräi gemaach gëtt fir demokratiefeindlech Leit. Déi grouss Aufgab vun de Volleksparteien wier et deemno zesummenzeschaffen.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.