Background am Gespréich vum 10. NovemberDe Laurent Pfister iwwert de Klimawandel

Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war den Hydrolog Laurent Pfister vum List.

Background: De Laurent Pfister iwwert de Klimawandel (10.11.2018)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Am Kontext vun de schroe Wiederen uechtert d'Welt an awer och zu Lëtzebuerg war e Fuerscher op deem Gebitt Invité am Studio. Mam Hydrolog Laurent Pfister vum List, dem Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie, hu mer iwwert de Klimawandel geschwat, d'Wiedere vu virzejoert an der Fiels, dëst Joer am Mëllerdall an iwwer Previsioune vun esou Wiederphenomener.

Background am Gespréich mam Laurent Pfister.


Dobäi ass de Laurent Pfister ënnert anerem op d'Fro agaangen, ob déi aussergewéinlech Wiederphenomener, déi een an der Lescht uechtert d’Welt feststellt, en Zeeche vun enger déifgräifender Verännerung, spréch dem Klimawandel, sinn.

Extrait Laurent Pfister (1)

Donieft huet de Fuerscher vum “Luxembourg Institute for Science and Technology” op Esch-Belval dat heiten op d’Fro geäntwert, ob een am Fall dran ass, dass typesch Wiederkonditiounen iwwer méi e laangen Zäitraum änneren: Dat ass ganz kloer. De Laurent Pfister huet dozou awer och erkläert, datt ee beim Phenomen vun den Iwwerschwemmunge misst beuechten, datt och Leit op Plaze wunne ginn, wou eigentlech net gutt dofir gëeenegt sinn. Doduerch hëlt dann de Risiko zou, ouni datt dat natierlecht Phänomen muss zougeholl hunn.

Extrait Laurent Pfister (2)

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.