Background am Gespréich vum 8. DezemberMartine Hansen: Koalitiounsprogramm ass e "Schéi-Wieder-Pak"

Invitée dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war d'Martine Hansen, Fraktiounscheffin vun der CSV.

Background am Gespréich mam Martine Hansen (08.12.2018)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

"'t ass en décke Pak, vun deem gesot gëtt e wier ganz ambitiéis an nohalteg, mä ech muss feststellen, dass ganz wéineg Visiounen dra stinn."

Dat ass den éischte Fazit vum Martine Hansen iwwert den neie blo-rout-grénge Koalitiounsprogramm.

D’Nord-Deputéiert ass zanter dëser Woch jo déi nei Fraktiounscheffin vun der CSV, a war um Samschdeg eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.

D’Martine Hansen huet vun engem "Schéin-Wieder-Pak" geschwat, wou keng sozial Selektivitéit géif dra stoen, mä déck mat der Géisskan géif ausgeschott ginn.

D'Martine Hansen am Background (08.12.2018)
D’Nord-Deputéiert ass zanter dëser Woch jo déi nei Fraktiounscheffin vun der CSV, a war um Samschdeg eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.


Zum Beispill beim ëffentlechen Transport, dee jo wäert gratis ginn. De François Bausch hätt zwar als zoustännege Minister direkt e puer mol gesot, dass dat net vill géif bréngen, fir de generelle Mobilitéitsproblem am Land ze léisen, mä d'Decisioun ass fix.

Dass parallel d'Kilometerpauschal wäert iwwerschafft ginn, ass fir d'Martine Hansen eng ongerecht Mesure. Och wa gesot géif ginn, dass béid Mesuren net zesummen hänken.

D'Martine Hansen iwwert d'Kilometerpauschal



Och beim Projet vun der individueller Besteierung ass ee bei der CSV gespaant drop, wéi dat herno konkret soll ausgesinn.

Méi Gerechtegkeet an deem Sënn wier duerch aus begréissenswäert, mä op et dat herno dann och ass, dat bleift of ze waarden.

D'Martine Hansen iwwert déi individuell Besteierung

Et misst ee sech froen, ob dat alles esou ëmzesetze wier, wann d’Konjunktur bis emol manner gutt géif dréinen.

Den Ament wier et awer nach schwiereg, villes ze bewäerten, well et nach u konkreten Zuele feelt.

Kloer wier awer, dass de Pak prinzipiell mol gutt kléngt, well jo ganz vill vu „gratis“ rieds géif goen, Stéchwuert ëffentlechen Transport oder Kannerbetreiung.

Et wéilt een dofir mol d’Regierungserklärung vum Premier en Dënschdeg ofwaarden.

Egal wéi, wier awer kloer, dass ee beim ëffentlechen Transport, de Problem vun der genereller Mobilitéit am Land, net duerch eng gratis Mesure wäert léisen.

Dass de Claude Meisch dee Minister war, deen an de leschte 5 Joer am meeschte fir seng Mesurë kritiséiert gouf, dat wier "awer och seng eege Schold", fënnt d’Martine Hansen.

Et hätt nach ni en Educatiounsminister ginn, deen esou vill op eege Fauscht duerchgeboxt huet, ouni mat de Sozialpartner, oder de Betraffene vum Terrain ze schwätzen.

Et géif een hoffen, dass hien an dëser Legislaturperiod net nach weider Reforme wéilt maachen, mä de Secteur mol zur Rou komme loossen.

Dass mam Martine Hansen elo fir d’éischte Kéier iwwerhaapt, eng Fra un der Spëtzt vun der CSV-Fraktioun steet, dat géif fir Si keng Roll spillen.

Et wier méi wichteg, dass een de Grupp vun elo 21 Deputéierte kéint leeden, ma trotzdeem awer gutt zesumme kéint schaffen.

De Renouveau, zu deem et generell an der CSV misst kommen, wier voll am Gaang. Um Parteikongress Enn Januar wäert ee sech jo en neie President ginn, wéi och en neie Generalsekretär. Wichteg wier et, déi Jonk an der Partei méi visibel ze maachen.

Et hätt ee vill a gutt jonk engagéiert Memberen, déi och bereet wieren, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, wat gutt fir d’CSV wier. Et wéilt een den Image vun enger verstëbster "Al-Hären-Partei" net hunn, well dat och net der Realitéit géif entspriechen.

Et wéilt een an den nächste 5 Joer zesumme Visiounen erschaffen, an déi de Leit och kloer no bréngen, fir 2023 net nees bausse vir gelooss ze ginn.

A Punkto Europawalen d'nächst Joer wieren nach keng Decisioune getraff.

Duerch de spéide Parteikongress wier een dem Martine Hansen no sécherlech e bësse gehandycapt vum Timing hier, mä d’Fraktiounscheffin huet sech ganz zouversiichtlech ginn, dass een do en Temps utile eng staark Ekipp kéint presentéieren.

Dass d’Viviane Reding do en Deel dervu wier, dovu geet d‘Martine Hansen net aus. D’Madame Reding wier elo Deputéiert, a wéilt dat eegenen Aussoen no och bleiwen.

Als komesch Virgoensweis bewäert d’Martine Hansen iwwregens de Fait, wéi d’Regierung zesummegestallt gouf.

Mam Marc Hansen wier zum Beispill e Minister confirméiert ginn, dee bei de Walen net gewielt gouf.

Genee sou och beim Taina Bofferding, wat awer wuel der Fraen-Quote-Reegelung "verschëlt" wier, dass si elo als eng vu just 5 Fraen an der neier Ministesch-Ekipp vertrueden ass.

Background am Gespréich mam Martine Hansen



D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.