Background am Gespréich vum 2. Februar - Etienne SchneiderCannabis, de Beruff vum Dokter a Space Mining

En ass nach ëmmer Vizepremier, och Wirtschaftsminister, mä huet och Ressorten ofginn an d'Gesondheet bäikritt.

Radio - Background (02.02.2019)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

De Cannabis gëtt legaliséiert. Wéi genee dat geet a wéini dat kënnt, do konnt den neie Gesondheetsminister Etienne Schneider e Samschdeg an der Emissioun Background nach keng Detailer ginn.

D'Regierung informéiert sech elo am Kanada, wéi et do leeft. Dee Modell gesäit d'Produktioun hei am Land vir an d'Distributioun. Nëmmen d'Awunner, also d'Leit déi hei am Land wunnen, wäerten dierfe kënnen dervu profitéieren. Op d'mannst 18 Joer al sinn, just eng gewësse Quantitéit...dat muss nach alles gekläert ginn.

Background am Gespréich mam Etienne Schneider

Et géif drëms goen, de Cannabis-Konsum aus dem Schmuddeleck eraus ze kréien, seet den Etienne Schneider. Eng breet Suchtpreventioun wëll d'Regierung och maachen, an d'Schoule goen, fir d'Kanner ze stäerken. Et wéilt een och en Debat mat de Leit, Hals iwwer Kapp soll näischt ëmgesat ginn.

Den Dokteschberuff soll da méi attraktiv gemaach ginn, éischt Gespréicher gouf et schonn. 20% vun den Doktere sinn u sech schonn am Pensiounsalter. Gemeinschaftspraxisse sollen eng legal Basis kréien.

D'Situatioun mat den IRMen ass fir den Etienne Schneider inacceptabel. Et wéilt ee keng Zwou-Klasse-Medezin, mä déi hätt een elo schonn, well Leit, déi et sech kéinte leeschten, géifen an d'Ausland goen.

Hie wëll dat sou séier wéi méiglech reegelen. D'Zuel geet elo mol vu 7 op 11 IRMen an de Spideeler erop. Mä sou Geräter, an och anerer, och Analysen, a Privatpraxissen z'autoriséieren, dat ass eng Pist, déi hie wëll séier reegelen. De Service fir de Patient soll allgemeng verbessert ginn, et soll méi dezentral ginn.

Den Etienne Schneider ass als Wirtschaftsminister nach ëmmer iwwerzeegt vun der Space Mining Iddi. An dee Secteur wär 3Mol méi investéiert ginn, e géif duebel sou séier wuesse mat 6,7% all Joer. Ganz vill Firme wéilten op Lëtzebuerg kommen, 20 neier a 50 Firmen am Ganze mat iwwer 800 Leit géifen elo zu Lëtzebuerg schaffen. 150 Entreprisë géifen uklappe fir ze kommen.

Hie wär natierlech net frou, datt de Projet mat „Planetary Ressources“ näischt gi wär, 12 Milliounen Euro sinn do fort. Dat wär eben e Réckschlag, mä de Wirtschaftsminister ass weider iwwerzeegt, datt dee Secteur eng Kéier fir Lëtzebuerg dee Stellewäert huet wéi d'Bankeplaz haut.

De Risiko wär net ze grouss. D'CSV huet de Projet matgestëmmt. Soulaang et gutt geet, wären se derfir, mä wann eng Kéier eppes schif geet, wéilten se näischt méi dermat ze dinn hunn. Wann een esou ängschtlech gewiescht wär, wéi een d'Stolindustrie opgebaut hätt, wär een ni sou e räicht Land ginn, mengt de sozialistesche Vizepremier.

De Mindestloun geet jo ëm 100 Euro an d'Luucht. 22 Euro sinn et elo scho méi. De Projet misst nach duerch d'Chamber, dat dauert nach e bëssen, mä d'Leit kréien d'Sue réckwierkend op den 1. Januar. Zesumme mat den zwee zousätzleche fräien Deeg géif ee mierke firwat een d'LSAP bräicht, méi also eng 6 Congéswoch wär leider net dra gewiescht, sou den Etienne Schneider haut am Background.

Background am Gespréich mam Etienne Schneider (02.02.2019)
Cannabis, de Beruff vum Dokter a Space Mining...


"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.