14. Dezember: Jean-Claude Juncker

Den Ex-Premier Jean-Claude Juncker geet net mat an d'Europawahlen d'nächst Joer. Dat sot den aktuellen CSV-Oppositiounsleader de Samschdeg am Background.

© Alain Lamesch

Ausgeschloss huet et de Jean-Claude Juncker awer net fir Spëtzekandidat vun der EVP ze ginn, ëmmerhinn wier hien elo e fräie Mënsch a kéint dat och esou fir sech decidéieren.

Wat de Récit vum EX-SREL-Agent André Kemmer ugeet, an deem den deemolegen Staatsminister jo an engem extrem schlechte Liicht duergestallt gëtt, fënnt et den CSV-Politiker erstaunlech, datt dësen Text just op deem Dag public gemaach gouf, wéi hien seng 1. Ried als Oppositiounschef an der Chamber gehalen huet.

Et wier sech beméit ginn, hien als Staatsminister lass ze ginn, elo géif alles dru gesat, fir sengem Ruff ze schiedegen.

Ugeschwat gouf de Jean-Claude Juncker natierlech och op d'Deeg no de Wahlen, wou hien awer näischt dovunner wéist, datt et sollt eng Propositioun ginn hunn, fir eng Koalitioun ouni hien tëscht CSV an DP anzegoen. Hie selwer hätt senger Partei gesot, datt hien net am Wee wäert stoen, wann eng Regierungsformatioun sollt duerch hien echouéieren.

Wat de Programm vun der neier Regierung ugeet, sou stellt den Background-Invité fest, datt tëscht deenen 3 Parteien „am Detail“ keng Iwwerteneestëmmung do wier, well vill mateneen geschwat, mä sech net alles gesot gi wier.

Background am Gespréich mam Jean-Claude Juncker

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).



© Alain Lamesch



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.