Background am Gespréich vum 24. OktoberMarc Hansen

De Staatssekretär am Logementsministère war dëse Samschdeg den Invité am Background am Gespréich.

Radio - Background am Gespréich mam Marc Hansen (24.10.2015)
Moderatioun: Claude Zeimetz

Zanter grad mol 7 Méint ass de Marc Hansen mat engem vun de wuel komplizéiertsten Dossiere vun der Regierung befaasst.

Dëse Samschdeg war de Staatssekretär am Logementsministère eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Wéi sinn d'Problemer um Wunnengsmaart ze léisen, wéi kënne kuerzfristeg méi abordabel Wunnengen op de Marché a kënnen d'Präisser iwwerhaapt jee gedréckt ginn? Alles dat hu mer de Marc Hansen gefrot.

Donieft goung et och ëm d'Héichschoulpolitik, Studiebäihëllefen an d'Uni Lëtzebuerg um Belval. Deen aneren Dossier vum Staatssekretär deen eréischt nodréiglech an d'Regierung gerutscht ass.

Background am Gespréich mam Marc Hansen (Deel 1)


Background am Gespréich mam Marc Hansen (Deel 2)



Wann ee wëll am Logement eppes bewierken, da kann een net nëmme vun enger Mesure schwätzen, mä et muss een direkt op e puer Piste schaffen, dat sot de Staatssekretär am Logementministère Marc Hansen an eiser Emissioun Background am Gespréich. Eng Pist, un där geschafft gëtt, ass déi vun der Reform vum Fonds de Logement déi e Freideg am Regierungsrot ugeholl gouf.

De Fong huet zejoert grad mol 30 Wunnengen op de Marché bruecht a war an de leschte Méint éischter wéinst Affairen an engem negativen Audit an der Aktualitéit. Mat der Reform soll de Fonds de Logement lo méi efficace ginn, sou de Staatssekretär.

De Marc Hansen (1)



Ënnert anerem sinn am Gesetz en eegene Verwaltungsrot mat engem Vertrieder vum Gemengesyndikat Syvicol an eng eegen Direktioun virgesinn.

De Finanzement gëtt reforméiert, dem Staat seng Präsenz am Fong geet erop an et soll och méi e grousse Wäert op Mietwunnenge geluecht ginn. Dorunner feelt et den Ament, sou de Marc Hansen. Wéi vill Leit genee den Ament op eng Wunneng waarden, konnt de Staatssekretär net soen, well et keng zentral Datebank gëtt. Dat soll sech, wann et geet, awer änneren ...

De Marc Hansen (2)



Aus Dateschutzgrënn ass sou eng Reform allerdéngs net evident. D'Iddi gëtt den Ament am Logementsministère juristesch gepréift.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.