Background am Gespréich vum 26. MäerzThema: d'Lëtzebuerger Sprooch

Net een Invité, mä een Thema huet e Samschden an der Emissioun Background dominéiert: eis Sprooch, d'Lëtzebuergesch.

Leit, déi eis Sprooch am Institut national des langues léieren,
an en Enseignant,


de Mike McQuaide, den American in Luxembourg,

den Historiker Denis Scuto,

d'Sozio-Linguistin Dr. Mélanie Wagner

an eise Sproochmates Alain Atten sinn zu Wuert komm.

Wéi huet d'Lëtzebuergesch sech an de leschte Joren a Joerzéngten entwéckelt? Wéi gesäit d'Zukunft aus? Do ginn d'Meenunge ganz auserneen. A wéi léieren Auslänner eis Sprooch a firwat?

Mir hunn iwwer d'Nationalitéitegesetz geschwat an d'Fro gestallt, ob mer eng konsequent Sproochepolitik hunn.

Background am Gespréich: d'Lëtzebuerger Sprooch
Moderatioun: Carine Lemmer



Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Vun dësem Theme-Background gëtt et kee Video!


Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.