Background am Gespréich vum 5. November mam Mathias Schiltz"Hätt Conventioun mat Regierung net ënnerschriwwen"

Invité am Background am Gespréich war e Samschdeg de fréiere Generalvikar Mathias Schiltz.

Radio Background: Am Gespréich mam Mathias Schiltz (05.11.2016)
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

"Wann ech an der Responsabilitéit gewiescht wier, hätt ech am Januar 2015 d'Conventioun tëscht der kathoulescher Kierch an der Regierung NET ënnerschriwwen"  dat sot an der Emissioun "Background" de Samschdeg de Mëtteg de fréiere Generalvikar Mathias Schiltz.

Et wier dann och den deemolegen Generalvikar Erny Gillen, dee wa méiglech nach Waasser op d'Millen vun der Regierung gekéiert hätt andeems hie seng Iddie wollt duerchsetzen.

Duerno säi Posten opzeginn an ze goen, fënnt de Mathias Schiltz onglécklech. Den Erny Gillen huet den Äerzbëschof beroden an, esou mengt de Mathias Schiltz, datt hien dem Äerzbëschof och den Aarm gebéit hätt, fir d'Conventioun z'ënnerschreiwen. Wat eisen Invité awer net guttheesche kann, ass, datt den Erny Gillen sech dono duerch d'Bascht gemaach huet. Wann een esou Ëmwelzungen mat dréit, muss een dofir och riicht stoen a versichen, se zum gudden ze féieren.

Extrait Mathias Schiltz 1

Den Erny Gillen hat d'Bühn also no der Signature verlooss, da stellt sech natierlech d'Fro, wat dann de Mathias Schiltz 2015 gemaach hätt? Hien hätt d'Conventioun net ënnerschriwwen. Et ass een natierlech dono ëmmer méi intelligent, wéi virdrun. Wéi déi aner Froen am Referendum ausgaange sinn, wier och déi hei ausgaangen an dann net zum Ongonschte vun der Kierch, mengt de Mathias Schiltz. A souguer wann, hätt d'Regierung dat, wat se wëlles gehat hätt, per Diktat duerchgezunn, ma et hätt net schlëmmer kéinte sinn, wéi dat, wat elo erauskomm ass. Et hätt een awer als Kierch d'Dignitéit an d'Fräiheet gewonnen, fir dann och do dergéint ze goen. Dat sinn awer elo Fesselen, wou et schwéier ass, doraus erauszekommen.

Extrait Mathias Schiltz 2

An déi Fessele wieren elo nëmme schwéier ze léisen, sou de Generalvikar, deen 34 Joer laang op deem Posten war an deen haut och alt op Roum reest. Hie schreift awer net, wéi datt och emol gesot gëtt, all Woch e Bréif op Roum, fir sech ze beschwéieren. Zweemol huet de Mathias Schiltz un den Nunzius geschriwwen an net op Roum. An dat mol net, fir sech ze beschwéieren, mä fir d'Suerge matzedeelen. Ma wann de Wëllen do ass, fir sech zesummen ze setzen, sinn déi Suerge souguer léisbar.

Extrait Mathias Schiltz 3

De Geeschtleche fuerdert dann och, datt méi bannent der Kierch nees mateneen diskutéiert a konstruktiv gestridde gëtt, eppes, wat den Ament net de Fall wier. Dëst kéint am Kader vun enger Zort Zukunft dësch geschéien, sou wéi op der Synod an de 70. Joren.

De Mathias Schiltz fuerdert iwwerdeem de Bistum op, fir den Dialog mam Syfel ze sichen, fir den Text iwwert d'Ofschafen vun de Kierchefabricken nach nozebesseren. Um de Stéchdatum vum 1. Januar gleeft den Ex-Generalvikar net.

BACKGROUND: De Roy Grotz am Gespréich mam Mathias Schiltz

De Mathias Schiltz war eisen Invité e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich". Zesumme mam Geeschtlechen hu mir iwwert déi rezent Entwécklunge geschwat, déi d'Trennung vu Kierch a Staat uginn, iwwert d'Politik vum Bistum an dëse mouvementéierten Zäiten an iwwert d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Kierch an enger staark säkulariséierter Welt.

Mathias Schiltz kritiséiert d'Kiercheleedung (05.11.2016)
De fréiere Generalvikar hätt, wier hien an der Responsabilitéit gewiescht, d'Konventiounen, esou, net ënnerschriwwen. Och d'Kierch bräicht en Zukunftsdësch.


Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.