BD vun der Woch


BD vun der Woch: "Gaston, au-delà de Lagaffe"

21.02.2017 - 16:10

© André Franquin & Dupuis
Am Paräiser Centre Georges Pompidu ass nach bis de 17. Abrëll eng Ausstellung ronderëm de Gaston Lagaffe. Dee bekannte Bande Dessinées Personnage kritt déi nächst Woch 60 Joer, an de Gérard Floener seet Iech, firwat et derwäert ass, déi Ausstellung kucken ze goen...
21/02/2017 BD VUN DER WOCH (Gaston au-delà de Lagaffe)

Déi nächst Woch gëtt op dëser Plaz dem Gaston Lagaffe säi Gebuertsdag richteg gefeiert, mat engem Interview vun engem Auteur, deen net nëmmen den André Franquin ganz gutt kannt huet, mä och fir d'Selektioun vun de Gagen am Gaston Gebuertsdagsalbum an d'Retouchen an där definitiver Gaston Collektioun am Abrëll responsabel ass