BD vun der Woch


BD vun der Woch: Doud vum William Vance

15.05.2018 - 16:10

© 2002 / Le Lombard
Gëschter Owend um 9 huet den Editeur an Zeenarist Yves Schlirf op Twitter déi traureg Nouvelle vum Doud vum Zeechner William Vance bekannt gemaach. Schonn zanter Joeren huet hien aus gesondheetleche Grënn net méi gezeechent. Mä seng Serie bleiwen wéinst der  Ausdrockskraaft a senge Biller an Erënnerung.
15/05/2018 BD VUN DER WOCH (Doud vum William Vance)

Am bekanntsten ass hien duerch seng Aarbecht un der Serie XIII, fir déi hien 18 Albumme gezeechent huet. Och d'Suite vun der Serie sollt hien zeechnen, mä leider huet hie scho virun 8 Joer missten aus gesondheetleche Grënn opginn, an de Iouri Jigounov huet seng Aarbecht geierft. De Succès vun XIII, der Serie déi hien zesumme mam Jean Van Hamme realiséiert huet, huet hie virun 19 Joer am RTL Interview esou beschriwwen:
Succès de XIII


Scho virum XIII hat hie sech awer een Numm gemaach. Hien huet e puer Episode vun der Serie Bob Morane gezeechent, an och déi éischt Episode vum Blueberry Spin-off Marshal Blueberry si vun him. Säin Häerz huet awer ëmmer fir grouss Aventuren op de 7 Weltmierer geschloen. Nieft dem Howard Flynn wor et virun allem seng eege Serie Bruce J. Hawker un där hien houng:
Préfère Hawker


A virum XIII huet hie schonn een anere Krimi gezeechent, no engem Zeenario vum Greg. De Bruno Brazil wor graphesch fest an de 70er verankert, virun allem an den Décoren. A vill Elementer déi d'Stäerkt vun de Biller beim Bruno Brazil ausgemaach hunn, huet een herno och beim XIII erëmfonnt ...
XIII = suite de Bruno Brazil


Virun allem déi natierlech Elementer wore seng Stäerkt. Déi mannst Auteure konnten ee Schluet esou duerstellen ewéi hien, datt een iwwert dem Liesen den Androck hat, grad esou zoppnaass ze ginn ewéi seng Personnagen. Oder d'Wellen déi während engem Stuerm déi laanscht ee Schëff eropschloen. Wann et drëm gaangen ass d'Natur ze zeechnen, wor de William Vance a sengem Element:
Nature = chose la + belle


An d'Fraen. Dem William Vance seng Frae gehéieren zu deene schéinsten déi d'Bande Dessinée opweises huet, egal wéi eng Roll si ze spillen haten. Dat gëllt och haut nach ëmmer!
Sans femmes, pas de vie


De William Van Cutsem, wéi de William Vance mat richtegem Numm geheescht huet, ass zu Anderlecht op d'Welt komm, huet awer déi lescht Joerzéngten a Spuenien gelieft. Gëschter ass hien am Alter vun 82 Joer gestuerwen.