BD vun der Woch


BD vun der Woch: 70 Joer Mënscherechter

16.10.2018 - 16:15

© Dupuis
Den 10. Dezember sinn et 70 Joer hir, datt d'Deklaratioun vun de Mënscherechter vun den UNO-Memberlänner ënnerschriwwe gi sinn. Fir deen Anniversaire ze feieren, ass déi lescht Woch d'Zäitschrëft Spirou ganz am Zeeche vun de Mënscherechter erauskomm.
16/10/2018 BD (Dee laange Reportage iwwert de Spirou fir d'Mënscherechter)

Fir ze weisen, datt een d'Mënscherechter och wichteg fënnt, kann een an de sozialen Netzwierker eng Foto vu sech Posten, op där een de Geste nomécht, deen de Spirou um Deckel vun deem aktuellen Heft mécht, an dat mam Hashtag  #spirou4rights post.

A wien d'Ausstellung ronderëm d'Mënscherechter proposéiere wëll, kann déi op dëse Säiten eroflueden: http://www.wbi.be/spirou4rights, http://www.spirou.com/onu