BD vun der Woch


BD vun der Woch: De Superjhemp Retörns: De Making Öf vum Film

11.12.2018 - 16:10

© Lucien Czuga, De Verlaach a Samsa Film
De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Success Story. De Comic ass zanter Joerzéngten ee Bestseller, an och de Film konnt bis elo knapp 50.000 Mënsche begeeschteren. A wéi et zanter den 1980er eng Traditioun ass, gëtt et och dëst Joer nees an der Adventszäit een neie Superjhemp Album.
11/12/2018 BD (Dee laange Reportage iwwert De Superjhemp Retörns - De Making Öf vum Film)

De Lucien Czuga dédicacéiert de Making Öf vum Superjhemp Retörns:

Samschdeg de 15. Dezember 2018 an der Librairie Ernster an der Belle Etoile.

Sonndeg de 16. Dezember  an der Librairie Ernster an der City Concorde.

Freideg den 21. Dezember   an der Librairie Ernster am Cactus Bascharage.

Samschdeg den 22. Dezember 2018  an der Librairie Ernster an der Belle Etoile.

All Kéiers vu 15 bis 18 Auer.