D'Geschicht an der Bande Dessinée "No War" spillt an engem fiktive Land. Eng Insel, am Atlantik, déi Vukland heescht. Op där Insel kënnt et zu Konflikter tëscht deene verschiddene Communautéiten déi do liewen. An esou kritt d'Geschicht séier ee Lien zur aktueller Situatioun a ville Länner op der Welt.
D'Bande Dessinées Serie "La Complainte des Landes perdues" ass fir d'éischt a 4 Albumen erzielt ginn, an ass séier eng Referenz an deem Genre ginn, scho laang éier "Game of Thrones" op der Tëlee een Thema war. D'Suite vun der Geschicht ass dunn an engem zweeten Zyklus erzielt ginn, an den Hexenzyklus erzielt u sech dat, wat virun der eigentlecher Geschicht geschitt ass.
Um Enn vum leschte Joer sinn zwee nei Bicher vum Philippe Geluck erauskomm, déi et och Ufank 2019 nach derwäert sinn, fir ernimmt ze ginn.
Virun 2 Joer ass dee leschte Band vun der Bande Dessinée "Hôtel St. Max" erauskomm. Do dran ass de Ausseminister Jean Quasselborn scho vun der Petite Madame de Colmar-Montagne an der Haaptroll ersat ginn. An déi kritt elo hir eege BD.
De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Success Story. De Comic ass zanter Joerzéngten ee Bestseller, an och de Film konnt bis elo knapp 50.000 Mënsche begeeschteren. A wéi et zanter den 1980er eng Traditioun ass, gëtt et och dëst Joer nees an der Adventszäit een neie Superjhemp Album.
Déi nei Bande Dessinées Aventure vum Blake & Mortimer ass net nëmmen eng direkt Suite vun där alleréischter Geschicht, "Le secret de l'Espadon", mä och eng Geschicht voller Uspillungen un aner Bande Dessinéeën.
Mat senger Bande Dessinée "Le Reste du Monde" huet de Jean-Christophe Chauzy virun 3 Joer ee Buch proposéiert, an deem d'Mënsche mat enger Katastroph konfrontéiert ginn, duerch déi si sech iergendwéi zesummerafe mussen, fir ze iwwerliewen. Mëttlerweil ass een drëtten Album aus där Serie erauskomm.
Mat deem sechsten Episod "Silbervogel" geet d'Bande Dessinées Serie "Dent d'Ours" virleefeg op en Enn. D'Geschicht vun den dräi Frënn, déi als Kanner dovu gedreemt hunn als Pilot an engem Fliger ze sëtzen, hëlt duerch den zweete Weltkrich een dramatescht Enn.
Op de Walfer Bicherdeeg de nächste Weekend ass och de lëtzebuerger Zeechner ND Genen nees dobäi. Op sengem Stand dedicacéiert hien dee neie "Sonic" Comic, a virun allem een anert Buch, an dat hien nach vill méi Energie gestach huet.
XIII Mystery ass Mëtt Oktober mat engem 13. Album op en Enn gaangen. Mat engem Album, deen den Original-Zeenarist vun dëser Bestseller Bande Dessinée, de Jean Van Hamme héchstperséinlech geschriwwen huet.