De leschte Weekend huet déi nei lëtzebuerger Bande Dessinée mam Spioun vun der Kroun Jamie Blond hier Première op de Walfer Bicherdeeg gefeiert. Zanter gëschter kann een deen neien Album och an de Librairie kafen.
Malta am Mee 1565. Eng Arméi vu chrëschtlechen Zaldote preparéiert de Stuerm op d'Festung vum Borgo, wou eng 45 000 islamesch Zaldote stationnéiert sinn. D'Truppe vum Uerder vun den Hospitaliers, och "La Religion" genannt kënne just op ronn 6000 Mann zielen. Domat schéngt den Ausgank vun där brutaler Konfrontatioun, déi kënnt, scho kloer ze sinn...
No 47 Joer hëlt de Yakari een neien Ufank. Ee vu senge Pappen, den Zeenarist Job, huet seng Pensioun geholl. Den Zeechner Derib mécht awer nach ëmmer weider, mat engem neien Zeenarist. De Gérard Floener huet sech mat deenen zwee ënnerhal, wat dat fir d'Serie an de Personnage bedeit...
Kachbicher sinn am Trend. Do kommen och d'Bande Dessinéeën net dolaanscht, och wann d'Buch "Les illustres de la table" méi ass ewéi eng Sammlung vu Rezepter...
Wou ginn d'Seechomessen hinn, wann si op hirer Strooss ënnerwee sinn? Déi Fro gëtt an där neier Bande Dessinée vum Frank Le Gall a Michel Plessix beäntwert
"La Lumière de Bornéo" heescht d'Aventure vum Spirou déi de Frank Pé realiséiert huet. Mat Bornéo ass awer net d'Insel gemengt, mä den Numm vun engem Orang-Utan, deen an der Geschicht d'Haaptroll spillt. D'Déiere spillen also och an dëser Bande Dessinée vum Frank Pé eng wichteg Roll.
D'Geschicht déi an dëser Bande Dessinée spillt, wierkt ewéi aus enger anerer Zäit. An awer ass si nach ëmmer aktuell. Wat op den éischte Bléck ganz harmlos ufänkt, huet um Enn eng ganz elle Konklusioun.
L'Etoile du désert, dat ass ee Western dee virun 20 Joer erauskomm ass. Et ass awer och den Numm vum Haaptpersonnage. Eng jonk wäiss Fra, déi bei den In dianer opgewuess ass. Elo gëtt et eng Suite, een drëtten Album deen a gudder Star Wars Manéier, dat erzielt, wat virun deenen éischten zwee Episode geschitt ass. De Gérard Floener mécht Iech elo deen einfache Résumé vun där komplexer Situatioun...