Ufank November ass deen neie Lucky Luke, mam Titel "Terre promise" erauskomm, an Enn lescht Woch deen neie "Silex And The City". Zwou Bande Dessinéeën, déi grondverschidde sinn, am Fong awer dee selwechte Sujet hunn. Wat keen Zoufall ass...
Jiddwereen huet seng Virstellungen, wéi Indien ausgesäit, a wéi et sech do liewe léisst. An der Bande Dessinée "India Dreams" gëtt mat deene Virstellunge gespillt, an ëmmer eng ganz bestëmmt Säit vun deem grousse Land gewisen.
De leschte Weekend huet déi nei lëtzebuerger Bande Dessinée mam Spioun vun der Kroun Jamie Blond hier Première op de Walfer Bicherdeeg gefeiert. Zanter gëschter kann een deen neien Album och an de Librairie kafen.
Malta am Mee 1565. Eng Arméi vu chrëschtlechen Zaldote preparéiert de Stuerm op d'Festung vum Borgo, wou eng 45 000 islamesch Zaldote stationnéiert sinn. D'Truppe vum Uerder vun den Hospitaliers, och "La Religion" genannt kënne just op ronn 6000 Mann zielen. Domat schéngt den Ausgank vun där brutaler Konfrontatioun, déi kënnt, scho kloer ze sinn...
No 47 Joer hëlt de Yakari een neien Ufank. Ee vu senge Pappen, den Zeenarist Job, huet seng Pensioun geholl. Den Zeechner Derib mécht awer nach ëmmer weider, mat engem neien Zeenarist. De Gérard Floener huet sech mat deenen zwee ënnerhal, wat dat fir d'Serie an de Personnage bedeit...
Kachbicher sinn am Trend. Do kommen och d'Bande Dessinéeën net dolaanscht, och wann d'Buch "Les illustres de la table" méi ass ewéi eng Sammlung vu Rezepter...
Wou ginn d'Seechomessen hinn, wann si op hirer Strooss ënnerwee sinn? Déi Fro gëtt an där neier Bande Dessinée vum Frank Le Gall a Michel Plessix beäntwert
"La Lumière de Bornéo" heescht d'Aventure vum Spirou déi de Frank Pé realiséiert huet. Mat Bornéo ass awer net d'Insel gemengt, mä den Numm vun engem Orang-Utan, deen an der Geschicht d'Haaptroll spillt. D'Déiere spillen also och an dëser Bande Dessinée vum Frank Pé eng wichteg Roll.