Buch vun der Woch"Tick, Tack wie lange kannst du lügen?"

D’Megan Miranda huet mat Tick,Tack hiren éischte Thriller op de Marché bruecht. Si huet am Massachusetts Institute of Technology Biologie studéiert.

Si lieft mat hirem Mann an hiren 2 Kanner zu North Carolina. Hire Beruff ass den Ament Schrëftstellerin an si huet schonn e puer Jugendromaner erausbruecht.
16/01/2018 Buch vun der Woch: Tick, Tack wie lange kannst du


D’Nicolette, am Buch Nic genannt, ass d’Protagonistin. Si lieft zu Philadelphia, ass Schoulpsychologin an ass mam Affekot Everett verlobt. Enges Daags huet d’Nic e kuerze Bréif vun hirem Papp kritt, hien hätt dat Meedchen gesinn.

Domat ass d’Nic op e Coup un Vergaangenheet erënnert ginn, wou virun 10 Joer hier bescht Frëndin Corinne, verschwonne war. Wei dunn och nach hire Brudder, Daniel, hiert Elterenhaus verkafe well, fiert d’Nic iwwer de Summer an hiert Heemechtsduerf Cooley Ridge. Hire Papp ass an engem Fleegeheem well hien dement ass. Trotzdem well d’Nic erausfannen, wat dat mat sengem Bréif op sech huet. Stëmmt seng Ausso?

Knapps nodeems d’Nic rëm zréck zu Cooley Ridge war, ass nach ee Meedchen verschwonnen. Do stellt sech d’Fro ob déi 2 Fäll mateneen ze dinn hunn.

Ich wusste, dass die Lösung Annaleises Verschwinden in dem zu finden war, was sie vor zehn Jahren gesehen hatte, auch wenn die Polizei das noch nicht kapiert hatte. Ich wusste, dass die Antworten alle auf einmal auf dem Tisch liegen würden. Dass die Leute nicht herausfinden würden, was Annaleise zugestoßen war, ohne gleichzeitig zu erfahren, was Corinne passiert war, und ich auch nicht.

D’Nic huet versicht erauszefannen wat deemools an elo geschitt ass. Eppes steet mol fest, datt d’Annaleise virun 10 Joer, dem Nic, hirem Brudder, an hire Frënn en Alibi ginn huet.

Bis deen Ament spillt d’Geschicht an der Géigewaart. Da wiesselt d’Autorin d'Manéier fir de Thriller weider ze erzielen. Als Lieser fënnt een sech e bemol am 15. Dag erëm. A vun do un, gëtt alles vun hannen no vir erzielt. Do duerch kritt een lues a lues d‘Informatiounen fir de Puzzel zesumme ze setzen. Wien litt, wien seet d’Wourecht? Huet een ass dem Nic hirem Frëndeskrees mat all deem ze dinn?

Obwuel d’Nic mam Everett verlobt ass, gëtt et do och nach den Tyler, dem Nic säi Frënd vu virun 10 Joer. De Lieser weess laang  just, datt d’Nic deemools vun engem Dag op deen aneren aus Cooley Ridge fortgaangen ass.

Wenn es etwas gibt, was sich anfühlt wie Nachhause kommen – etwas Tröstliches und Nostalgisches wie das von der Mutter gekochte Essen, ein Haustier, das am Fußende des Betts schläft, eine alte Hängematte, die im Garten zwischen den Bäumen hängt, dann ist es für mich das hier: Tyler. Zu wissen, dass es jemanden gibt, der alle Versionen meiner Persönlichkeit gesehen hat, zugesehen hat, wie sich eine in die andere verschoben hat, jemand der alle Entscheidungen kennt, die ich getroffen habe, die Lügen die ich erzählt, die Dinge die ich verloren habe.

Mir gefält déi Manéier fir e Thriller vun hannen no vir opzeschaffen. Et muss een sech just e bësse méi konzentréieren wei am anere Fall. All eenzel Detail kann an deem enge Kapitel onbrauchbar erschéngen, an awer an deem nächsten Kapitel sech als wichtegt Element erweisen.

D’Megan Miranda huet et fäerdeg bruecht alles esou ze beschreiwen, datt ee sech dat och konnt virstellen. D’Bëscher an Hielen zu Cooley Ridge hunn déi spannend Atmosphäre einfach perfekt gemaach. Interessant ass och, datt déi Geheimnisser zu Cooley Ridge esou laang konnte fir sech behale ginn. Dat ass sécherlech net evident, an enger Uertschaft, wou jiddereen deen anere kennt.

Also fir mech ass de Thriller Tick, Tack e gelongene éischte Thriller vum Megan Miranda.

D’Buch ass am Penguin Verlag eraus komm. Dat nächst Wierk vum Megan Miranda heescht ‚The perfect stranger‘.