D’Lëtzebuerger Bicherediteuren, d’Walfer Gemeng an RTL presentéieren de Lëtzebuerger Buchpräis.


Informéiert Iech hei op RTL.LU, wéi eng Wierker an deene 4 Kategorien nominéiert sinn a lauschtert d’Virstellung vum Buch op RTL Radio Lëtzebuerg. Dono kënnt Dir d'Presentatioun vum Radio hei um Internet nach eng Kéier lauschteren. Wien a wéi enger Kategorie de Lëtzebuerger Buchpräis 2016 kritt, gëtt den Donneschdegowend, 17. November zu Walfer - am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg - bekannt.

Ofstëmme bis den Dënschdeg, 8. November.

Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Bildband"

  • D'Dynastie Lëtzebuerg-Nassau 1890-2015

    Marc Schoentgen a Pierre Even | Editions Saint Paul
    Dat lescht Joer koum d'Dynastie Lëtzebuerg-Nassau 1890-2015 vum Marc Schoentgen eraus. 125 Joer Lëtzebuerger Dynastie! D’Marie Gales hat mam passionéierte Fotograf geschwat.

    Reportage vum Marie Gales: den 24.10.2016 um 10:40
  • Frantz Clément, Intellektueller, Schriftsteller, Journalist

    Robert Thill | Editions Phi - CNL Den "Centre national de littérature" huet dëst Joer d'Biographie „Frantz Clément. Intellektueller. Schriftsteller. Journalist“ vum Robert Thill publizéiert. An dësem Wierk beschreift den Auteur op eng komplett an zäitgenëssesch Aart a Weis d'Liewe vum François Clément, dem Lëtzebuerger Intellektuellen den seng Iwwerzeegungen ni verroden huet an duerno och dofir gestuerwen ass, Annick Goerens.

    Reportage vum Annick Goerens: den 28.10.2016 um 09:50
  • Gueule de Bois

    Norbert Brakonier / Maison Moderne 'Gueule de Bois' ass e Bildband wou d'Schaffe mat Holz zu Lëtzebuerg ganz am Mëttelpunkt steet. De Realisateur vum Buch, den Norbert Brakonier ass passionéierte Schräiner, d'Katarina Ivesic war a säin Atelier besichen.

    Reportage vum Katarina Ivesic: den 29.10.2016 um 09:40
  • Bergwerke

    Jérôme Konen a Jean-Louis Scheffen | Jérôme Konen Productions
    Ënnertitel vum Buch ass "Luxemburgs vergangene Industrie unter Tage" a genee dohin entféieren eis de Jérôme Konen an de Jean-Louis Scheffen am leschten Deel vun hirer Themerei aus der Lëtzebuerger Ënnerwelt, Yann Logelin:

    Reportage vum Yann Logelin: den 05.11.2016 um 09:40
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Fiction"

  • L'architecture des temps instables

    Méi wéi 10 Joer huet ee missten op den neie Roman vum Jean Portante waarden. An "L'architecture des temps instables" erzielt en d'Geschicht vun enger italienescher Famill virum Hannergrond vun dem ganz mouvementéierten 20ste Jorhonnert. Eng Geschicht, déi sech tëscht Lëtzebuerg, den Abruzzen, Kuba, an der fréierer DDR ofspillt. D'Bea Kneip huet se gelies.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 22.10.2016 um 09:40
  • Komm net kräischen

    Claudine Muno | Op der Lay 
    2004 hat d'Claudine Muno de Servais-Präis fir hiere Roman "Frigo" gewonnen. Mat "Komm net kräischen" huet si elo e Roman virgeluegt den sech am Stil däitlech vu senge Virgänger ënnerscheet. D'Bea Kneip huet sech mat hir doriwwer ënnerhalen.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 26.10.2016 um 10:10
  • Zalto Mortale

    En Epicier, en Taxidermist an e Camionschauffeur, dat sinn déi 3 Personnagen déi elo gläich zu Wuert kommen. D’Wuert ginn huet hinnen de Jean Back, den si an 3 Monologen vu sech, hirem Liewen an der Welt erziele léisst. Zalto Mortale, sou heescht dat Wierk, dat d’Bea Kneip Iech elo virstellt.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 31.10.2016 um 17:10
  • Abreise

    Michel Clees | Editions Guy Binsfeld
     Dem  Michel Clees säin neit Buch "Abreise" ass eng Sammlung vu kuerze Prosatexter, awer och Liddtexter déi  alleguer iergendwéi em  d’Thema „Départ“ dréinen, allerdéngs op ganz verschidde Manéieren. D’Bea Kneip huet sech mam Auteur ënnerhalen.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 04.11.2016 um 09:40
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Non-Fiction"

  • Don't feed me

    Duerch "The Voice of the Germany" gouf se bekannt. Wat se virdrun alles matgemaach an erlieft huet, huet d'Sabrina Gérard an engem autobiographeschem Roman beschriwwen. Ouni Tabu zielt se iwwer hir Magersucht. Wéi se gekämpft huet an iwwerlieft huet.

    Reportage vum Patrick Greis: den 25.10.2016 um 17:10
  • Buch: Maischi Tibesart - E Maufel Lëtzebuerg

    Weem vun eis gëtt et net waarm em d'Häerz, wann e sech un e besonnesche Geroch erënnert, vun deemools, wou en heem aus der Schoul koum oder Sonndes bei d'Bomi op Besuch gaangen ass. Dem Maischi Tibesart säi Buch E Maufel Lëtzebuerg soll eng Méiglechkeet sinn, fir mat Loscht an engem gudde Maufel dës Erënnerungen héichzehalen. Et soll flott Momenter ronderëm d'lëtzebuerger Kichen erméiglechen, an esou der nächster Generatioun hir eegen Erënnerungen schenken

    Reportage vum Michèle Schons: den 30.10.2016 um 14:30
  • Tarantula - Seems impossible. Let's do it.

    D'Buch wat mer haut fir den Lëtzebuerger Buchpräis presentéieren ass dat vun der Lëtzebuergescher Film-Entreprise „Tarantula“. Déi feiert dëst Joer 20 Joer. An dat wollt de Grënner, den Donato Rotunno, mat deem hei Buch feieren. Et heescht „Seems impossible – let's do it“ a soll weise wat der Ekipp beim erschafe vu Filmer am wichtegsten ass. An dat ass, komplex Messagen un de public weiderzeginn, Katarina Ivesic.

    Reportage vum Katarina Ivesic: den 02.11.2016 um 11:40
  • Marisha - Das Mädchen aus dem Fass

    Fir den Lëtzebuerger Buchpräis presentéiere mir iech haut d'Buch vum Gabriele Hannemann, 'Marisha', dat an der Kategorie "Non-Fiction" nominéiert ass. Et erzielt d'Geschicht vun engem jonke, jiddesche Meedchen, dat während dem zweete Weltkrich a Polen vun engem Bauer an engem Faass an deem sengem Koustall virun den Nazie verstoppt gi war. D'Original ass op Däitsch, mee d'Geschicht gouf och vun der Jeanny Friedrich-Schmit op Lëtzebuergesch iwwersat. E Buch, wat mat Sécherheet net einfach ze verdauen ass. D'Katarina Ivesic huet mat der Madame Friedrich-Schmit iwwer d'Buch geschwat.

    Reportage vum Katarina Ivesic: den 06.11.2016 um 14:30
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie " Kanner a Jugendbuch"

  • D'Pohutukaw-Eil

    Liz May | Editions Phi
    Sou heescht dem Liz May säin 1. Kannerbuch, dat och fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert gouf. D'Sportlerin zeechent a moolt schonns hiert ganzt Liewe laang an huet sech mat dësem Buch en Dram erfëllt. Mat dësem Buch geet et an Neiséiland.

    Reportage vum Marie Gales: den 23.10.2016 um 14:30
  • L'imagination

    Jhemp Hoscheit | Editions Guy Binsfeld 
    Dem Jhemp Hoscheit säin neit Buch "L'imagination" ass fir Jonker tëscht 11 a 14 Joer geduecht . Et ass jo dacks net esou einfach, Bicher op Franséisch ze fannen, déi vun der Sprooch hir net ze vill schwéier sinn, vum Thema hir awer och net ze vill kannereg. "L'imagination" ass do genee dat richtegt, mengt d'Bea Kneip

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 27.10.2016 um 14:50
  • D'Glühschwéngchen

    Nora Wagener a Luc Caregari | Op der Lay
    E klenge Giss steet am Mëttelpunkt vun dem Kannerbuch dat mer Iech haut am Kader vum Lëtzebuerger Buchpräis virstellen. D'Glühschwéngchen ass awer keen gewéinlecht Schwéngchen! D'Bea Kneip stellt Iech et vir.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 01.11.2016 um 13:30
  • Eng Maus am Haus

    Renée Weber | Op der Lay Dat Kannerbuch dat mer Iech elo virstellen,  huet just eng Erzielerin, dofir awer ganz vill Zeechner. Déi Geschicht déi d’Renée Weber sech ausgeduecht huet, ass nämlech vun de Kanner aus der Heischter Kannerstuff illustréiert ginn. „Eng Maus am Haus“, sou heescht d’Resultat vun der Zesummenaarbecht. D’Bea Kneip huet sech mat der Renée Weber a mat zwee vun deene jonken Zeechner ënnerhalen.

    Reportage vum Beatrice Kneip: den 03.11.2016 um 13:10

Hei geet et bei d'Ofstëmmung!