D’Lëtzebuerger Bicherediteuren, d’Walfer Gemeng an RTL presentéieren de Lëtzebuerger Buchpräis.


Informéiert Iech hei op RTL.LU, wéi eng Wierker an deene 3 Kategorien nominéiert sinn a lauschtert d’Virstellung vum Buch op RTL Radio Lëtzebuerg. Dono kënnt Dir d'Presentatioun vum Radio hei um Internet nach eng Kéier lauschteren. Wien a wéi enger Kategorie de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 kritt, gëtt den Donneschdegowend, 16. November zu Walfer - am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg - bekannt.

Publikumspräis

De Public kann dann och nees ofstëmmen, dëst Joer ass et awer esou, dass just 1 Buch vun der Shortlist (Kategorie-iwwergräifend) de Publikumspräis kritt.

Ofstëmme leeft vum 23. Oktober bis de Sonndeg, 5. November.

Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Literatur"

  • Tëscht Kaz a Kueder vum Pol Greisch

    Pol Greisch  | Editions Guy Binsfeld 
    De Pol Greisch kennt een zënter de 50er Joren als Acteur an  Auteur. Aus senger Fieder stamen haaptsächlech Theaterstécker, wéi d’Trilogie „Äddi Charel“-„Besuch“an „-E Stéck Streisel“ fir déi en 1993 de Servais Präis krut. awer och Kuerzgeschichten wéi am Band „De Monni aus Amerika“ fir den en 2013 nach eng Kéier mam Servais-Präis ausgezeechent gouf.   „Tëscht Kaz a Kueder“ regroupéiert 11 Kuerzgeschichten, déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, an awer…D’Sandra Mélan stellt Iech d'Buch vir.

    Reportage vum Sandra Mélan: den 21.10.2017 um 09:30
  • "Eng Stad ënnert dem Himmel" vum Gast Groeber

    Gast Groeber | Op der Lay 
    „Eng Stad ënnert dem Himmel“ ass eent vun de 15 Bicher, déi et op d’Shortlist vum Lëtzebuerg Buchpräis 2017 gepakt huet. Et ass eng Sammlung vu Kuerzgeschichten, déi alleguer iergendwéi ënnertenee verbonne sinn.

    Reportage vum Yann Logelin: den 23.10.2017 um 15:45
  • Aname

    Charles Meder | Op der Lay
    Fir säin Hörspill “CyberTrappEd” ass de Charles Meder d’läscht Joer mam 100,7 Radiopräis ausgezeechent ginn. Gläichzäiteg ass och seng éischt Novell erauskomm, mam Titel  “Aname”. Den Daniel Nepgen huet sech mat him doriwwer ënnerhalen.

    Reportage: den 27.10.2017 um 10:45
  • Page Blanche

    « Page Blanche » vum Gaston Carré ass e Roman…den awer mat Momenter ganz no un der Realitéit läit. D’Michèle Schons stellt Iech d‘Buch vir

    Reportage vum Michèle Schons: den 02.11.2017 um 11:10
  • Une vérification de l'origine

    Tom Nisse | Hydre Editions
    „Une vérification de l'origine“ vum Tom Nisse ass eent vun de 15 Bicher déi et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2017 gepackt hunn. Et ass eng Zort autobiographesche Roman, bei der de Lieser den Auteur op engem Spadséiergank duerch d'Stad begleet, Annick Goerens.

    Reportage vum Annick Goerens: den 04.11.2017 um 09:30
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Livres Thématiques"

  • Buchpräis: I'm not a refugee

    Am Kader vum Lëtzebuerger Buchpräis stelle mer Iech haut e Buch aus der Kategorie "Beaux-Livres" vir. "I am not a refugee", ass e Buch dat op der Websäit mam selwechten Titel baséiert. Erausginn vu der Maison Moderne. D'Raphaëlle Dickes stellt Iech d'Buch an Zesummenaarbecht mam Carole Simon vir.

    Reportage vum Raphaëlle Dickes: den 25.10.2017 um 14:15
  • Groussbus

    En ass jo éischter bekannt als Auteur vun Theaterstécker a Kabarä. An de leschte Joren awer huet de Jemp Schuster vill Zäit mat Recherchen iwwer d'Gemeng Groussbus verbruecht. Eraus koum eng bal 1000 Säiten déck Monographie, déi an der Kategore "beaux livres" fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass.

    Reportage: den 28.10.2017 um 09:30
  • Johann der Blinde & Karl IV

    Marc Thill/Dan Schank | Editions Saint Paul
    „Johann der Blinde, Karl IV. - Das Zeitalter der Luxemburger“ ass eent vun de 15 Bicher, déi et op d’Shortlist vum Lëtzebuerg Buchpräis 2017 gepackt hunn. Et ass ee Geschichtsbuch mat DVD, iwwer d'Liewe vum Jang de Blannen. Et geet ëm seng Roll als Lëtzebuerger Symbol. De Karel de Véierten ass dem Jang de Blanne säi Jong, an och säin Afloss an zu Prag goung an d'Geschichtsbicher an. Pierre Jans

    Reportage vum Pierre Jans: den 30.10.2017 um 16:15
  • Copy Paste

    Joe la Pompe | Maison Moderne
    Copy Paste ass e weidert Buch dat dëst Joer fir de Buchpräis nominéiert ass. Dëst an der Kategorie livres thématiques. Den Titel gëtt engem schonn eng Iddi wéi eng Thematik dann hei ugeschwat gëtt. Ma d´Tiffany Saska huet sech d´Buch méi genee ugekuckt.

    Reportage vum Tiffany Saska: den 03.11.2017 um 10:45
  • Le pays des 3 frontières

    Philippe Stachowski | Editions Klopp
    Dat läscht Buch dat mir Iech am Kader vum Lëtzebuerger Buchpräis virstellen, féiert eis an den Dräilännereck. „Le Pays des 3 frontières – das Dreiländereck“ ass e Buch un deem vill Leit bedeelegt waren. Koordinéiert gouf de Projet vum Philippe Stachowski. Den Daniel Nepgen huet d‘Detailer zum Wierk, dat de Bléck op d'Géigend tëscht Schengen, Perl a Sierck riicht.

    Reportage vum Daniel Nepgen: den 05.11.2017 um 14:30
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!

Kategorie "Kanner a Jugendbicher"

  • "Pirat oder Seeräuber sterben nie" vum Bernd Marcel Gonner

    Bernd Marcel Gonner | Bicherhaischen 
    „Pirat, oder Seeräuber sterben nie“ vum Bernd Marcel Gonner  konnt 2016 de Concours Littéraire National fir sech entscheeden.  Aus dem Manuskript dat fir de Concours agereecht gi war, gouf dunn e puer Méint drop  e Buch mat ville faarwegen Illustratiounen. Den Daniel Nepgen stellt Iech de „Pirat“ vir.

    Reportage vum Daniel Nepgen: den 22.10.2017 um 14:30
  • Tel Mo

    Roland Meyer | Op der Lay  
    “E Kannerbuch fir erwuesse Leit”, dat ass just op den éischte Bléck e Widdersproch. Am Roland Meyer sengem neiste Roman geet et ëm den Telmo, e Jong vun 12 Joer, deem säi Liewen aus dem Rudder gelaf ass. „Kann dat alles nach gutt ausgoen?“, dat ass déi Fro déi den Telmo sech direkt zu Ufank vum Buch stellt. Den Daniel Nepgen presentéiert eis d'Wierk, an och den Auteur, Kabarettist a Schoulmeeschter Roland Meyer kënnt zu Wuert.

    Reportage vum Daniel Nepgen: den 24.10.2017 um 09:40
  • Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch

    Déi Geschichten em déi et haut geet, si virun Dausende vu Joren opgeschriwwe ginn. De Romain Jeblick huet 6 Soen aus der griichescher Mythologie erausgesicht an op Lëtzebuergesch iwwersat. D’Sandra Mélan stellt Iech „Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch“ vir.

    Reportage vum Sandra Mélan: den 26.10.2017 um 11:50
  • D'Linn Lynn

    Luc Marteling/Tom Schartz | Kremart Edition
    D’Buch „D’Linn Lynn“ ass bei Kremart Edition erauskomm. Et ass eent vun de Bicher, dat een net nëmme liest a kuckt, mä och erlieft. Den Daniel Nepgen huet mat engem vun de kreative Käpp geschwat, déi mat dru geschafft hunn.

    Reportage: den 29.10.2017 um 14:30
  • Kanner, d'Fouer, Falschgeld

    Viviane Daman | Editions Phi
    An "Kanner, d'Fouer, Falschgeld" erliewen de Steve, d'Sarah, de Pol an de Pascal mat hirem Hond Blacky schonn hir 7ten Aventure.  Des Kéier sinn di kleng Detektiven an der Stad ënnerwee. D'Tiffany Saska huet sech mat der Auteure Viviane Daman ënnerhalen.

    Reportage vum Tiffany Saska: den 31.10.2017 um 10:30
Hei geet et bei d'Ofstëmmung!